Iasion

Vu Wikipedia

De Iasion war an der griichescher Mythologie de Jong vum Zeus an der Pleiad Elektra. Säi Brudder war den Dardanos.

D'Demeter huet sech an de Iasion verléift a mat him zesummen d'Jonge Plutos a Philomelos kritt. En huet d'Mystère vu Samothrake perfektionéiert an d'Arkader hunn en als Gott veréiert. Enger anerer Versioun no ass e wéinst senger Affär mat der Demeter vum Zeus mat engem Blëtz erschloe ginn.

Méiglecherweis ass et e virgriichesche Gott vum Akerbau.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.