Ibrahim Ferrer

Vu Wikipedia
Ibrahim Ferrer
Gebuer 20. Februar 1927
Gestuerwen 6. August 2005
Havanna
Nationalitéit Kuba
Aktivitéit Museker, Sänger

Den Ibrahim Ferrer, gebuer den 20. Februar 1927 zu San Luís, op Kuba, a gestuerwen de 6. August 2005 zu La Habana, war e kubanesche Sänger.

Den Ibrahim Ferrer huet fréi missen op eegene Féisse stoen: Säi Papp ass gestuerwen, wéi en 9, seng Mamm, wéi en 12 Joer al war. Hien huet sech mat klengen Jobben a mat Sangen duerch d'Liewe geschloen. Hie war Member vu verschiddene Gruppen, ir en dem Orquesta Chepin-Choven bäigetratt ass, deemools deem bekanntsten Ensembel vu Santiago. Enn vun den 1950er Joren ass hien op La Habana gaangen, wou en de Rassismus ënner dem Batista- Regime ze spire kritt huet.

Hie gouf do Member vum Orquesta Ritmo oriental vum Benny Moré. Duerno war en a verschiddenen Ensembelen. Am längsten, 34 Joer laang, bei Los Bocucos vum Pacho Alonso. Bei deene villen Opnamen, bei deenen e matgemaach huet, gouf awer ni säin Numm "creditéiert". An den 1980er Joren huet den Ibrahim Ferrer, verbattert, seng Pensioun geholl.

Eng 2. Carrière an déi verdéngten Unerkennung waren him vergënnt nom Succès vum Wim Wenders sengem Film Buena Vista Social Club (1999), deen 2 Joer nom Album mam nämmlechten Numm erauskoum, a vum Ry Cooder opgeholl gi war. Hien ass duerch Nordamerika an Europa op Tournée gaangen, an huet och nach nei Albumen opgeholl, dorënner Buena Vista Social Club presents Ibrahim Ferrer (1999) a Buenos Hermanos (2003).

Hien ass am Alter vun 78 Joer zu Havanna gestuerwen.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1999Buena Vista Social Club Presents: Ibrahim Ferrer
  • 2000 - Tierra Caliente: Roots of Buena Vista
  • 2002 - Mis Tiempos Con Chepín
  • 2002 - La Collección Cubana
  • 2002 - Tiempos Con Chepín y Su Orquesta
  • 2003 - Buenos Hermanos
  • 2004 - Que Bueno Está
  • 2005 - Ay, Candela

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Fotoe vum Buena Vista Social Club