Ieselsouer

Vu Wikipedia
En Ieselsouer an engem Buch

En Ieselsouer ass een ëmgeknécksten Eck vun engem Pabeierblat, wéi z. B. vun Zeitungen, Zäitschrëften oder Bicher. D'Bezeechnung kënnt vun der Form vum Knécks, déi engem Ouer gläicht an d'Bedeitung vun Iesel als Vernennwuert.

Wéi et entstanen ass[änneren | Quelltext änneren]

D'Ëmknéckse vun engem oder méi Ecker gëtt mat oder ouni Absicht gemaach. Mat Absicht gëtt et dacks benotzt als Lieszeechen fir d'Säit ze markéieren oder fir se méi séier erëmzefannen oder fir e Blat (z. B. eng Visittekaart) vun enger flaacher Uewerfläch ze huelen. Et kann awer geschéien datt duerch schlecht Transportéiere vu Pabeierwueren, Ieselsoueren entstinn oder well ee wärend dem Schreiwen eng Säit ongewollt diebelt.

Ieselsouer ass och nach ee vun den Nimm fir d'Aroumblumm.