Ikonoklasmus

Vu Wikipedia

Ikonoklasmus (v. algr. εικών - "Bild" a κλαστειν - "zerbriechen") ass d'Zerstéiere vun Ikonen, Symboler a Monumenter, dacks aus reliéisen oder politesche Motiven.

Am Chrëschtentum koum et am 8. an am 9. Joerhonnert am Byzantesche Räich zu zwou Periode vu Billerstierm, déi awer vun den deemolege Peepst schaarf verurteelt goufen. Am 16. Joerhonnert huet d'Reformatiounsbeweegung zum Stuerm op de kathouleschen Iwwerschwang geblosen.

Am Islam gëtt et keen direkt Billerverbuet, mä eng Rei Äusserunge vum Mohammed deiten drophin datt e bildlech Duerstellungen ofgeleent huet, sou datt déi rar vu Wüstennomade geschaf fréiislamesch Duerstellungen am Laf vun der Zäit Affer vun Ikonoklaste gi sinn. Mä och helleg Bildwierker vun anere Relioune sinn net viru mosleemesch-ikonoklasteschen Iwwergrëffer sécher. Sou gouf et z. B. ënner den Ommajaden eng sëllege Billerstierm géint chrëschtlech figurativ Konscht. An der Neizäit kann een ë. a. d'Zerstéierung vu risege Buddhastatuen a Freske bei Bamian duerch d'Taliban, an d'Zerschloe vu virislamesche Statuen a Muséeë am Afghanistan ernimmen.

Och am Alen Egypten gouf et Ikonoklasmus, sou d'Ofrappe vun alle Statue vun der Kinnigin Hatschepsut duerch hiren Nofollger Tutmosis, oder d'Ausmeessele vun egyptesche Gottheeten an der réimescher Zäit.

D'Ikoneverbrennunge wärend der russescher Revolutioun falen och dorënner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ikonoklasmus – Biller, Videoen oder Audiodateien