Ilja Efimowitsch Repin
Ilja Efimowitsch Repin | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 24. Juli 1844 jul. |
Gestuerwen | 29. September 1930 |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Essayist, Graphiker, Enseignant |
Member vun | Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie |
Den Ilja Jefimowitsch Repin (Russesch: Илья́ Ефи́мович Ре́пин), gebuer de 24. Julijul./ 5. August 1844greg. zu Tschugujiw, am Gouvernement Charkow, a gestuerwen den 29. September 1930 zu Kuokkala, dunn a Finnland, haut Repino am Oblast Leningrad, war e russesche Moler.
Hie gëllt als de bedeitendste Vertrieder vum russesche Realismus.
Wierk[änneren | Quelltext änneren]
Bekannt si seng Biller, an deenen en d'Liewen vum ukraineschen an dem russesch Vollek moolt a sozial Mëssstänn uprangert (kuckt z. B. säi wuel bekanntst Bild Hallefer op der Wolga). Do dernieft huet hien historesch Evenementer an Zeen gesat a Portraite vu bekannte Leit gemoolt (z. B. dem Michail Glinka, dem Modest Mussorgski, dem Dimitri Mendelejew oder dem Iwan Turgenew).
Hie war spéiderhin e Virbild fir de sowjetesche sozialistesche Realismus, deen awer net un d'Maîtrise vum Repin erukoum.
Biller (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]
Den Iwan de Schrecklechen, 1870–1873, Tretjakow-Galerie
Hallefer op der Wolga , 1870–1873, Russesche Musée
Summerlandschaft − D'Vera Repina op enger Bréck zu Abramzewo, 1879, Puschkin-Musée
Den Dmitri Iwanowitsch Mendelejew, 1885, Tretjakow-Galerie
De Modest Mussorgsky, 1881, Tretjakow-Galerie
Den Alexander Sergejewitsch Puschkin dréit dem Gawriil Romanowitsch Derschawin säi Gedicht vir, 1911, Puschkin-Musée
Soss[änneren | Quelltext änneren]
Den Asteroid (2468) Repin gouf 1988 no him genannt.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Maria Karpenko, Elena Kirillina (Hrsg.): Ilja Repin, Malerei, Graphik. Brücken-Verlag, Düsseldorf u. a. 1985, ISBN 3-87106-150-6.
- Angelika Wesenberg, Nicole Hartje, Anne-Marie Werner (Hrsg.): Auf der Suche nach Russland. Der Maler Ilja Repin. Nicolai, Berlin 2003, ISBN 3-89479-092-X.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Ilja Jefimowitsch Repin – Biller, Videoen oder Audiodateien |