Imperativ

Vu Wikipedia

Den Imperativ ass ee Modus vun de Verben.

Am Lëtzebuergeschen[änneren | Quelltext änneren]

D'Basis vum Imperativ ass d'Wuerzel vum Infinitif.

D'Form vum Imperativ am Lëtzebuergeschen huet dräi Formen:

  • An der éischter Persoun vun der Méizuel gëtt den Imperativ mat Hëllef vun "loosse mer" gebilt. Dobäi kënnt den Infinitiv vum Verb un d'Enn vum Saz.

Loosse mer méi lues sangen!

  • An der zweeter Persoun vun der Eenzuel huet d'Wuerzel vum Verb keng Endung.

Kuck ees do uewen!

  • An der zweeter Persoun vun der Méizuel an am Fall vun där Dir-Form kritt d'Wuerzel vum Verb en "t".

Geheit d'Sabbeldicher an d'Wäschmaschinn!

Ausname si bei de Verben: ginn, goen, hunn, sinn, doen/dinn a stoen:

Infinitif: ginn goen hunn sinn doen/dinn stoen
Imperatif Eenzuel
2.Persoun
gëff géi hief sief do/déi stéi
Imperatif Méizuel
2. Persoun
gitt gitt hieft/hutt sieft/sidd dot/ditt stitt
  • D'Imperativform "sief" a "sëff" ass aus dem Konjunktiv derivéiert.