Independent Little Lies
Ausgesinn
| Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Independent Little Lies | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Sëtz | Esch-Uelzecht |
| 29, rue Arthur Useldinger | |
| Member vu(n) | Fédération luxembourgeoise des arts de la scène |
| RCS | F2915 |
|
| |
Independent Little Lies (kuerz: ILL) ass eng eng lëtzebuergesch ASBL, déi Kënschtler vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun zesummebréngt.
ILL gouf am Kulturjoer vun 1995 gegrënnt an huet Joer fir Joer mat verschiddenen Organisatiounen an Haiser (am heefegsten mat dem Kulturzentrum Kulturfabrik) zesummegeschafft, fir modern an alternativ Projeten am Beräich vun den performing arts z'inzenéieren.
D'Associatioun ass Member vun der Theaterfederatioun.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Produktiounen
[änneren | Quelltext änneren]- 2010: ILL Summerdreams, en Festival mat 5 zeenesche Liesungen: Narziss&Echo vum Linda Bonvini, The@er-Love (im)possible vum Anne Simon, Starting out: Arthur&Mary vum Claire Thill, Voix de femmes vum Jill Christophe, dramkulturlandschaftlëtzebuerg vum Natalie Ortner
- 2009: L' Annonce vum Ian De Toffoli, eng Koproduktioun mam CAPe a Ministère de la Famille an enger Mise en scène vum Marc Baum
- 2009: Music-Hall, en Theaterstéck aus dem Joer 1989 vum Jean-Luc Lagarce an enger Mise en scène vum Jill Christophe
- 2009: L'envers du décor, eng Koproduktioun mat der Paräisser Theatergrupp Compagnie ZACLAMA!
- 2008: Mammuthus Exilis, en Theaterstéck vum Jérôme Netgen an enger Mise en scène vum Anne Simon
- 2008: Die Terroristen, en Theaterstéck vum Sven Ruecker a Marc Baum
- 2007: Schutt-Debris, en Theaterstéck vum Dennis Kelly
- 2007: Mercury Fur, en Theaterstéck aus dem Joer 2005 vum Philip Ridley an enger Mise en scène vum Johannes Maile
- 2006: Zoo Story, en Theaterstéck aus dem Joer 1959 vum Edward Albee an enger Mise en scène vum Marc Baum
- 2006: Mascarade Loufoque, eng Koproduktioun mat der Paräisser Theatergrupp Compagnie ZACLAMA!
- 2005: Petits mensonges entre amis, e Festival mat 70 Kënschtler
- 2004: ID-Project, eng Kreatioun vun ILL
- 2004: Roots, eng Koproduktioun mat der Paräisser Theatergrupp Compagnie ZACLAMA!
- 2004: Prinz sucht..., eng Koproduktioun mat der Paräisser Theatergrupp Compagnie ZACLAMA!
- 2003: Far Away, en Theaterstéck aus dem Joer 2000 vum Caryl Churchill
- 2002: Entrez, eng interaktiv Fotografie-Installatioun
- 2001: das phaidra projekt, eng Kreatioun vun ILL
- 2000: Dreck, e Monolog aus dem Joer 1991 vum Robert Schneider
- 1999: Die Schutzflehenden, eng griichesch Tragedie aus dem Joer 413 v.C. vum Aischylos
- 1998: Menschheitsdämmerung, eng Performance op der Basis vun enger expressionistescher Lyrik-Anthologie vum Kurt Pinthus aus dem Joer 1919
- 1998: Im Trocknen, en Theaterstéck aus dem Joer 1981 vum Reinhard Kuhnert
- 1996: Beute (eng. Loot), e schwaarzt Kaméidistéck aus dem Joer 1965 vum Joe Orton
- 1995: Der beste Tag, en Theaterstéck vum Dirk Gindt
