Inflight

Vu Wikipedia
Inflight
Éischt Ausgab 1975 als Flydoscope
2021 als Inflight
Land Lëtzebuerg
Sujeten Reesen, Lifestyle, Wirtschaft
Editiounshaus Maison Moderne

Inflight ass d'Bordzäitschrëft vun der lëtzebuergescher Fluchgesellschaft Luxair.

D'Artikelen an Inflight sinn entweeder op Franséisch oder op Englesch, an e puer Artikele sinn och a béide Sproochen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Bordzäitschrëft vun der Luxair gouf 1975 lancéiert, ënnert dem Titel Flydoscope. Deemools war se nach dräisproocheg, op Franséisch, Däitsch an Englesch. Vun 1986 u gouf d'Zäitschrëft op méi déckem a blénkegem Pabeier gedréckt, an all d'Texter goufen ofwiesselend just nach an enger Sprooch geschriwwen, entweeder Däitsch oder Franséisch.[1]

1991 huet de Roger Leiner fir d'éischt Kéier e Luxair-Comic am Flydoscope verëffentlecht, wat hie wärend laange Joren duerno weider gemaach huet.[1]

Vun 2005 u gouf Flydoscope vu Maison Moderne publizéiert, fënnef Mol am Joer. 2012 hat Flydoscope mat enger Oplo vun 30.000 Exemplairen eng Lieserschaft vu 60.600 Leit.[2]

2021 huet den Numm vun der Zäitschrëft geännert. Si gouf an Inflight ëmbenannt. Zënterhier handelt et sech ëm eng Kollaboratioun vun der Luxair mat Paperjam an Delano.[3]

Inflight ass online, an op Pabeier an all de Luxair-Fligeren an um Lëtzebuerger Fluchhafen disponibel.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

D'Zäitschrëft Online[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Trente ans de vie à bord, in Flydoscope Nr 1 2005, Säit 6-7
  2. Presentatioun op der Säit vu Maison Moderne, gekuckt de 15. Juni 2012)
  3. adada.lu: Inflight, le nouveau magazine de bord de Luxair, en partenariat avec Paperjam et Delano (21. Juni 2021)