Op den Inhalt sprangen

Isabella Rossellini

Vu Wikipedia
Isabella Rossellini
Gebuertsnumm Isabella Fiorella Elettra Giovanna Rossellini
Gebuer 18. Juni 1952
Roum
Nationalitéit Italien, USA, Schweden
Aktivitéit Mannequin, Filmregisseur, Autobiograph, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Dréibuchauteur
Famill
Bestuet mat Martin Scorsese
Liewenspartner(in) David Lynch, Gary Oldman
Papp Roberto Rossellini
Mamm Ingrid Bergman
Geschwëster Renzo Rossellini

D'Isabella Fiorella Elettra Giovanna Rossellini, gebuer den 18. Juni 1952 zu Roum, ass eng italieenesch Schauspillerin.

Si ass d'Duechter vun der Schauspillerin Ingrid Bergman an dem Regisseur Roberto Rossellini. Si huet ufanks als Moudendesignerin a Journalistin, virun allem zu New York, geschafft.

Vun 1982 bis 1993 war si Mannequin fir d'Kosmetikfirma Lancôme. Hir éischt Filmroll hat se 1976 am Vincente Minnelli sengem A Matter Of Time. Duerno huet s'a Filmer ë. a. vum Norman Mailer, Robert Zemeckis, Joel Schumacher, John Schlesinger, Peter Weir, Abel Ferrara a Peter Greenaway, matgespillt. Bekannt gouf se besonnesch mat Rollen am David Lynch senge Filmer Blue Velvet a Wild at Heart.

Si war vun 1979 bis 1983 mam Regisseur Martin Scorsese bestuet, méi spéit mam Manequin Jonathan Wiedemann, an hat länger Relatioune mam David Lynch a mam Gary Oldman.

Zanter den 2000er Jore schafft si och als Regisseurin; hiren éischten Televisiounsfilm Green Porno (2008) besteet aus aacht Episoden a weist, an engem comic-hafte Stil, d'Sexualliewe vu Reewierm, Libellen, Schleeken, Beien oder Gottesanbeterinnen. Si spillt dodran och dat eent oder anert Déierchen.

Publikationen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Isabella Rosselini: Some of me. Autobiographesch Fotodokumentatioun, däitsch bei Schirmer/Mosel, München 1997, ISBN 3-88814-898-7
  • Isabella Rosselini: looking at me - über bilder und photographen. Autobiographesch Fotodokumentatioun, däitsch bei Schirmer/Mosel, München 2002, ISBN 3-88814-609-7
  • Isabella Rosselini & Lothar Schirmer: Ingrid Bergman. Ein Leben in Bildern, Schirmer/Mosel, München, ISBN 3829606486
  • Gero von Boehm: Isabella Rossellini. 7. September 2003. Interview in: Begegnungen. Menschenbilder aus drei Jahrzehnten. Collection Rolf Heyne, München 2012, ISBN 978-3-89910-443-1, S.316-328
Commons: Isabella Rossellini – Biller, Videoen oder Audiodateien