Iwan Petrowitsch Pawlow

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Iwan Pawlow)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Iwan Petrowitsch Pawlow
Ivan Pavlov nobel.jpg
Gebuer 14. September 1849
Rjasan
Gestuerwen 27. Februar 1936
Sankt Péitersbuerg
Nationalitéit Sowjetunioun
Educatioun Staatlech Universitéit Sankt Péitersbuerg
Aktivitéit Chimist, Dokter, Physiolog
Member vun Royal Society, National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Académie nationale de médecine
Wikidata-logo-without-paddings.svg
En ausgestoppt Exemplar vum Pawlow sengen Hënn.

Den Iwan Petrowitsch Pawlow (russ.: Иван Петрович Павлов, Ivan Petrovič Pavlov, gebuer de 14. Septemberjul./ 26. September 1849greg. zu Rjasan a gestuerwen de 27. Februar 1936 zu Leningrad, war e russesche Medeziner a Physiolog. Hie krut 1904 den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin fir seng Aarbechten iwwer d'Verdauungsdrüsen. Hien huet weiderhin fundamental Studien iwwer Komportementsfuerschung gemaach an huet de Grondstee fir déi behavioristesch Léiertheorie geluecht.

De Pawlow huet ë. a. festgestallt, datt de Comportement op Reflexer zréckgoe kann, an huet de Prinzip vun der klassescher Konditionéierung entdeckt. Dobäi huet en tëschent onkonditionéierten (oder natierlechen) a konditionéierte Reflexer (déi ee ka léieren) ënnerscheet.

Am bekanntste sinn d'Experimenter mam sougenannten Hond vum Pawlow: Nodeems hie festgestallt hat, datt en Hond schonn ufänkt, Spaut ze produzéieren, wann e Friesse gesäit, an net eréischt, wann en ufänkt ze friessen, huet de Pawlow en anere Reiz benotzt: Kuerz ier den Hond ze Friesse krut, huet en eng Schell ze héiere kritt. No e puer Kéieren huet den Hond ugefaangen, ze säftsen, wann et geschellt huet, onofhängeg dovun, op e Friesse krut oder net. Dat ass et, wat de Pawlow "konditionéierte Reflex" genannt huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Iver Hand: Pawlows Beitrag zur Psychiatrie. Entwicklungs- und Strukturanalyse einer Forschungsrichtung. Thieme, Stuttgart 1972. ISBN 3-13-158701-6
  • Thomas Kussmann: Sowjetische Psychologie, auf der Suche nach der Methode. Pavlovs Lehren und das Menschenbild der marxistischen Psychologie. Huber, Bern 1974. ISBN 3-456-30581-8
  • Alexander Mette: J. P. Pawlow. Sein Leben und Werk. Dobbeck, München 1958.
  • Torsten Rüting: Pavlov und der Neue Mensch. Diskurse über Disziplinierung in Sowjetrussland. Oldenbourg, München 2002. ISBN 3-486-56679-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Iwan Pawlow – Biller, Videoen oder Audiodateien