Jérôme Quiqueret

Vu Wikipedia
Jérôme Quiqueret
Gebuer 14. August 1979
Laxou
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Journalist, Historiker

De Jérôme Quiqueret, gebuer de 14. August 1979 zu Laxou[1], ass e franséischen Historiker a Journalist.

Hien huet op der Universitéit Nanzeg e Master an der Geschicht gemaach, a schafft zanterhier als Journalist bei verschiddene lëtzebuergeschen Zeitungen: Le Quotidien (2003-2005), Le Jeudi (2005-2012 an 2017-2019), an zanter 2019 d'Tageblatt.[2] Vun 2012 bis 2017 huet hie fir den Ausseministère als Redakter geschafft, dorënner fir de Site Europaforum.[1]

2022 huet hien e Buch erausbruecht iwwer de Muerd un enger Koppel zu Esch-Uelzecht, am Joer 1910, mam Titel Tout devait disparaître (Capybara Books).

2023 krut hien dofir de Servais-Präis.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Nathalie Jacoby: Fiche Jérôme Quiqueret op autorenlexikon.lu.
  2. Fiche Jérôme Quiqueret op tageblatt.lu (gekuckt 2023-04-24).
  3. "Prix Servais 2023 fir de Jérôme Quiqueret." 100komma7.lu, 24. Abr 2023.