JJs Beetebuerg

Vu Wikipedia

D'Jesus Juniors Beetebuerg, ofgekierzt JJs Beetebuerg, sinn eng kathoulesch Jugendgrupp am Parverband Beetebuerg.

Si si Jonker, déi no hirer Firmung decidéiert hunn, sech weider zesummen op de Wee ze maachen, fir erauszefanne wat Gleewen heescht a wéi een an enger jonker a lieweger Gemeinschaft Chrëscht ka sinn.

Geschicht an Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

2008 goufen d'JJs gegrënnt. No der Firmung sollten déi Jonk aus dem Parverband net eleng gelooss ginn. Dofir hunn si sech ënner der Leedung vun e puer Erwuessener zu enger Grupp zesummegeschloss. Zil war et, gemeinsam Aktivitéiten, déi méi oder manner mat Relioun an der kathoulescher Kierch ze dinn hunn, z'ënnerhuelen. Eng eegen Identitéit mat engem JJs Lidd, engem JJs Logo a JJs Kleedung gouf geschaf. An der Folleg hunn d'JJs Jugendmassen organiséiert, u Sportsevenementer deelgeholl, Reesen (z. B.Taizé oder d'Weltjugenddeeg zu Madrid) ënnerholl, Theater an Ausstellungen zesumme besicht, Meditatiounsowenter a Fréischichten ofgehalen, e Kalenner erausginn a mat Gala-Dînere Sue fir karitativ Zwecker gesammelt.

Struktur[änneren | Quelltext änneren]

D'JJs Beetebuerg gi vu 4-5 Erwuessener geleet. Zanter 2011 gëtt et een aus Jugendlechen zesummegesate Comité. D'Versammlunge sinn am Keller vum Paschtoueschhaus zu Beetebuerg.