Op den Inhalt sprangen

Jacques Insermini

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jacques Insermini
Gebuertsnumm Jacques Émile Edmond Insermini
Pseudonym Bruno Kohls, Jacques Inzermini, Jacques Laviec
Gebuer 24. Oktober 1927
18. Arrondissement
Gestuerwen 6. Juni 2024
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Motorradcoureur, Pornofilm-Schauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Cascadeur

De Jacques "Jacky"[1] Insermini, gebuer den 24. Oktober 1927 zu Paräis[2], ass e fréiere franséische Motorradcoureur[3] a Cascadeur[4]. An den 1970er Jore war hien aktiv als Schauspiller, gréisstendeels an Erotik- a Pornofilmer[5].

Vun 1951 bis 1962 gouf hien als aktive Participant an de professionelle Motorradcourssen a Frankräich bekannt. Den Insermini war en etlechmol franséische Landesmeeschter am Kader vun der Norton-Equipe[6], hie war awer keemol e Champion op internationalem Niveau[2].

Am Enn vun den 1960er Joren huet de Jacques Insermini seng Carrière als Schauspiller ugefaangen. Seng éischt Experienz war kleng Rollen am Theater[7] an an Tëlees- a B-Filmer[5]. Zanter den 1970er gouf hien als Pornofilm-Schauspiller bekannt, a war a méi wéi 15 Pornoen opgetrueden. Seng Aliassen als Pornoacteur waren ënner anerem Bruno Kohls, Jacques Inzermini, Jacques Laviec[8]. Bis dem Joer 1985 huet hien och a "Mainstream"-Filmer (gréisstendeels) mam erotesche Subtext geschafft[5].

Den Insermini hat siwe Joer laang e Verhältnes mat der Continental-Circus-Motorradpilotin Nanou[9][10].

Palmarès

  • 1960
    • franséische Landesmeeschter (350cc, 500cc)[11]
  • 1961
    • franséische Landesmeeschter (500cc)[12]
  • 1962
    • franséische Landesmeeschter (350cc, 500cc)[13]

Filmographie (Auswiel, ouni X-Filmer)

Referenzen

  1. https://www.lesarchivesduspectacle.net/?IDX_Personne=84576
  2. 2,0 2,1 http://archive.li/nFhQQ
  3. http://www.bike70.com/CFrance6068.html
  4. Mick Walker. The Manx Norton – S. 114 – Redline Books, 2006 – ISBN 0-9544357-9-6
  5. 5,0 5,1 5,2 Fiche op IMDb (en)
  6. Kuckt, no Joer : 1951, 1952, 1953, 1954, 1957, 1958, 1959, 1960, 1961, 1962
  7. https://www.lesarchivesduspectacle.net/?IDX_Personne=84576
  8. Fiche op IAFd (en)
  9. http://www.bike70.com/nanou1.html
  10. http://www.motomag.com/Continental-Circus.html#.WvqrLIiFPIW
  11. http://racingmemo.free.fr/M%20FRANCE/MOTO%20FRANCE%201960.htm
  12. http://racingmemo.free.fr/M%20FRANCE/MOTO%20FRANCE%201961.htm
  13. http://racingmemo.free.fr/M%20FRANCE/MOTO%20FRANCE%201962.htm