Jacques Insermini
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Jacques Insermini | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jacques Émile Edmond Insermini |
Pseudonym | Bruno Kohls, Jacques Inzermini, Jacques Laviec |
Gebuer |
24. Oktober 1927 18. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Motorradcoureur, Pornofilm-Schauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Cascadeur |
De Jacques "Jacky"[1] Insermini, gebuer de 24. Oktober 1927 zu Paräis[2], ass e fréiere franséische Motorradcoureur[3] a Cascadeur[4]. An den 1970er Jore war hien aktiv als Schauspiller, gréisstendeels an Erotik- a Pornofilmer[5].
Vun 1951 bis 1962 gouf hien als aktive Participant an de professionelle Motorradcourssen a Frankräich bekannt. Den Insermini war en ettlechmol franséische Landesmeeschter am Kader vun der Norton-Ekipp[6], hie war awer keemol e Champion op internationalem Niveau[2].
Am Enn vun den 1960er Joren huet de Jacques Insermini seng Carrière als Schauspiller ugefaangen. Seng éischt Experienz war kleng Rollen am Theater[1] an an Tëlees- a B-Filmer[5]. Zanter den 1970er gouf hien als Pornofilm-Schauspiller bekannt, a war a méi wéi 15 Pornoen opgetrueden. Seng Aliassen als Pornoacteur waren ënner anerem Bruno Kohls, Jacques Inzermini, Jacques Laviec[7]. Bis dem Joer 1985 huet hien och a "Mainstream"-Filmer (gréisstendeels) mam erotesche Subtext geschafft[5].
Den Insermini hat siwe Joer laang e Verhältnes mat der Continental-Circus-Motorradpilotin Nanou[8],[9].
Palmarès[änneren | Quelltext änneren]
- 1960
- franséische Landesmeeschter (350cc, 500cc)[10]
- 1961
- franséische Landesmeeschter (500cc)[11]
- 1962
- franséische Landesmeeschter (350cc, 500cc)[12]
Filmographie (Auswiel, ouni X-Filmer)[änneren | Quelltext änneren]
- 1967: Ne fais pas ça Isabella (Tëleesfilm)
- 1973: Le dingue
- 1975: Yumurcak Belalı Tatil
- 1977: Marche pas sur mes lacets
- 1985: Le feu sous la peau
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 https://www.lesarchivesduspectacle.net/?IDX_Personne=84576
- ↑ 2,0 2,1 http://archive.li/nFhQQ
- ↑ http://www.bike70.com/CFrance6068.html
- ↑ Mick Walker. The Manx Norton - S. 114 - Redline Books, 2006 - ISBN 0-9544357-9-6
- ↑ 5,0 5,1 5,2 Fiche op IMDb (en)
- ↑ Kuckt, no Joer: 1951, 1952, 1953, 1954, 1957, 1958, 1959, 1960, 1961, 1962
- ↑ Fiche op IAFd (en)
- ↑ http://www.bike70.com/nanou1.html
- ↑ http://www.motomag.com/Continental-Circus.html#.WvqrLIiFPIW
- ↑ http://racingmemo.free.fr/M%20FRANCE/MOTO%20FRANCE%201960.htm
- ↑ http://racingmemo.free.fr/M%20FRANCE/MOTO%20FRANCE%201961.htm
- ↑ http://racingmemo.free.fr/M%20FRANCE/MOTO%20FRANCE%201962.htm