Chang Jiang
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Jangtse)
Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Längt | 6.300 km |
---|---|
Debit | 31.900 m³/s |
Fläch vum Baseng | 1.808.500 km² |
Leeft an | Ostchineesescht Mier |
Den Chang Jiang ((zh)長江 / 长江, Pinyin Cháng Jiāng – „Laange Floss“, kuerz: 江, Jiāng), och nach (de) Jangtsekiang, kuerz Jangtse oder (fr) Yang-Tsé-Kiang, kuerz Yangtsé, ass de längste Floss vu China. Mat 6.300 Kilometer[1], vun deenen der 2.800 schëffbar sinn, ass et och de längste Floss an Asien an nom Nil an dem Amazonas den drëttlängste Floss op der Welt. Säi Quellegebitt läit an der Provënz Qinghai, am Héichland vum Tibet. Bei der Mëndung an d'Ostchineesescht Mier féiert en am Joresduerchschnëtt 31.900 m³ Waasser an der Sekonn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Chang Jiang – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (en)Yangtze River | Location, Map, Flood, & Facts | Britannica. www.britannica.com (27.11.2023). Gekuckt de(n) 03.12.2023.