Jean-Baptiste Sax
De Jean-Baptiste ("Batty") Sax, gebuer 1876 a gestuerwen de 7. Mee 1950 am Alter vun 73 Joer am Pafendall[1] war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
Hien hat en Doktorat am Droit, a war noeneen Attaché am Justizminstère (1903), Friddensriichter zu Réiden (1904), provisoresche Secrétaire-adjoint vum Staatsrot (1906), Distriktscommissaire vum Distrikt Lëtzebuerg (1910), Direkter vun der Steier-, Akzisen- a Kadasterverwaltung (1913).[2]
Hie war vum 6. November 1915 bis de 24. Februar 1916 Generaldirekter (Minister) fir Justiz an Intérieur, fir e puer Wochen och fir Finanzen an Erzéiung, an der Regierung Loutsch.
Dono koum hien an d'Direktioun vu Steieren, Akzisen a Kadaster zréck, fir schlussendlech, vum 3. Juni 1924 bis de 16. November 1945, Member vum Staatsrot ze ginn.[3]
De Batty Sax war de Brudder vum Joseph Sax.
Gielercher
- Commandeur de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1935)[4]
Referenzen
- ↑ Doudesannonce vum Jean-Baptiste Sax am Wort vum 10. Mee 1950
- ↑ "D'Industrië vun der Famill Sax-Bodson." op industrie.lu.
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot um Site vum Staatsrot
- ↑ Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen