Jean-Baptiste Vifquain

Vu Wikipedia
Jean-Baptiste Vifquain
Gebuer 24. Juni 1789
Tournai
Gestuerwen 31. August 1854
Ivry-sur-Seine
Nationalitéit Belsch, Holland, Frankräich
Educatioun École polytechnique
Aktivitéit Architekt, Offizéier

De Jean-Baptiste Vifquain (och alt Vifquin geschriwen), gebuer de 24. Juni 1789 zu Tournai an der Belsch a gestuerwen den 31. August 1854 zu Ivry-sur-Seine war en Offizéier, Ingenieur, Architekt, Éiere-Chefinspekter vun de Ponts et Chaussées, deen eng no der anerer d'franséisch, hollännesch a belsch Nationalitéit hat.

De Vifquain ass haaptsächlech bekannt well en de Kanal Pommerœul-Antoing geplangt a gebaut hat an no deem sengem grousse Succès och den Optrag krut fir d'Pläng vum Kanal Bréissel-Charleroi auszeschaffen. Op säi Kont geet och de Bau vun der éischter Eisebréck an der Belsch, am Park vum Schlass vu Wissekerke, déi eelst vun där Zort déi an Europa nach ze gesinn ass.