Jean-Paul Zeimes

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Paul Zeimes
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Jean-Paul Zeimes ass e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.

De Jean-Paul Zeimes huet bis 2020 am Nordspidol geschafft, wou hien ë. a. fir Bauprojeten zoustänneg war. No senger Pensionéierung huet hien am Oktober 2020 bei Komplementarwale fir de Schierener Gemengerot kandidéiert a gouf era gewielt. Ufank 2021 gouf hien do zum Schäffen ernannt. Bei de Gemengewalen am Juni 2023 krut hien déi zweetmeescht Stëmmen a gouf erëmgewielt.

Nodeems den Eric Thill de 17. November 2023 als Kulturminister vereedegt gouf, huet de Jean-Paul Zeimes d'Plaz vum Buergermeeschter provisoresch iwwerholl. Den 29. November gouf hien du vum Gemengeconseil eestëmmeg als neie Buergermeeschter gewielt.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell wou net anescht uginn: Marc Hoscheid: "Schieren huet mam Jean-Paul Zeimes een neie Gemengepapp."rtl.lu, 03.12.2023.