Jean-Raoul Paul
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Jean-Raoul Paul | |
---|---|
Erënnerungsplack um Tourmalet | |
Gebuer |
8. Mee 1869 Vayres |
Gestuerwen | 28. September 1960 |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | École polytechnique |
Aktivitéit | Ingenieur |
De Jean-Raoul Paul och ze fannen ënner Raoul-Jean Paul, gebuer 1869 zu Vayres an der Gironde, a gestuerwen 1960, war e franséischen Ingenieur, Eisebunner, Pionéier vun der Elektifizéierung vun der Eisebunn souwéi vu villen aneren Aktivitéiten déi mat der Eisebunn zesummenhänken.
Hien ass besonnesch bekannt als Chef d'Exploitation an als Generaldirekter vun der Compagnie des chemins de fer du Midi.
Eng vu senge wichtegen Aarbechte war d'Perfektionnement vum Block automatique Midi. Dee Signalblock war zanter 1902 um Reseau vum Midi am Gebrauch. Et war eng Adaptatioun vum Hallsystem dee schonn um Metro vu Paräis an op der Streck Bordeaux-Langon benotzt gouf. De Jean Paul an den Théophile Ducousso, Ingenieur bei Postel-Vinay der spéiderer Thomson-Houston, hunn dee Block mat engem verbesserte Semaphorsystem ekipéiert an dee gouf du vun 1907 un ënner dem Numm Block PD (PaulDuclousso) op all de grousse Strecke vum Midi agesat.
De Jean-Raoul Paul, gëtt als de Papp vum elektreschen Zuch a Frankräich ugesinn. D'Elektrifizéierung vun 1911 vun der Streck Perpignan-Villefranche-Vernet les Bains mat eephasegem Wiesselstroum mat 16 2/3 Hz, gouf nom Éischte Weltkrich op de Strecke Bordeaux-Dax, Toulouse-Bayonne, Béziers-Neussargues a Montauban-Sète wiederentwéckelt. Déi Strecke goufe awer mat 1500 V Gläichstroum ekipéiert. Fir déi Strecken elektresch ze bedreiwen huet hie Staudämm am Ufank besonnesch an de Pyrenäe gebaut, grad sou wéi d'Héichspannungleitunge fir dem Midi säin Netz ze beliwweren. Déi Initiativen hu mat sech bruecht datt aner franséisch Eisebunnsgesellschaften nogezunn hunn, an datt haut d'SNCF hire Stroum aus elektreschen Zentrale vu 56 Staudämm kritt déi hir gréisstendeels selwer gehéieren.