Op den Inhalt sprangen

Jean Friedrich

Vu Wikipedia
Jean Friedrich
Gebuer 24. Januar 1892
Diddeleng
Gestuerwen 19. Dezember 1969
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Politiker

De Jean Friedrich, gebuer de 24. Januar 1892 zu Diddeleng[1], a gestuerwen den 10. Dezember 1969,[2] war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Lokalhistoriker.

De Jean Friedrich ass zu Diddeleleng um Tattebierg op d'Welt komm.[1] Hien huet d'Normalschoul gemaach a gouf Schoulmeeschter zu Kanech. Dräi Joer drop huet hien dëse Beruff 43 Joer laang a senger Heemechtsstad praktizéiert. 1920 huet hie ee Joer zu Paräis op der Sorbonne Philosophie studéiert a gouf zum Dokter promouvéiert.

Hie war och bis 1940 President vum Katholischer Lehrer- und Lehrerinnenverein an Delegéierte fir all Enseignanten an der Groussherzoglecher Unterrechtskommissioun.

Hien ass Auteur vun Theaterstécker (ë. a. Blutbaad vun Dideleng an D'So vum Gehaansbierg), an ënnert dem Pseudonym Pier Gind, vun de Bicher Nordfahrt, Nannten sie es Glück, Herr Direktor an Herz As. Och Aarbechten iwwer d'Geschicht vun Diddeleng (Düdelingen in der Geschichte, Alt Düdelingen - Eine Landschaft und ihre Bewohner, Vom Kulturschaffen der Düdelinger) huet hie publizéiert.

Fir un hien z'erënneren, gouf den 30. Dezember 1978 zu Diddeleng d'Téitengerstrooss no him ëmgenannt.[3]

  • Chevalier de l'Ordre de Léopold II
  • médaille pontificale „bene merenti“
  • médaille en or de l'Association diocésaine St. Pie X


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Quell, wou net anescht uginn: "Zum 10. Todestag des Lokalhistorikers Dr. Jean Friedrich." In: Luxemburger Wort, 132. Jg., n° 207 (10.09.1979), p. 10 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. 2,0 2,1 Avis de décès 7 Page 14. In: Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 254 (11.09.1969), p. 14 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. L-3469.