Jean Pierre Achen

Vu Wikipedia
Jean Pierre Achen
Gebuer 9. September 1734
Iechternach
Gestuerwen 20. Juni 1806
Iechternach
Aktivitéit Schoulmeeschter, Chronist

De Jean Pierre Achen (alias: Aachen), gebuer den 9. September 1734 zu Iechternach an do gestuerwen den 20. Juni 1806 am Alter vun 72 Joer, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Kierchesynodal.

Hien huet zu Iechternach an der Lëtzebuerger Strooss am Haus Nr. 223 gewunnt. Hie war de Fils vum Guillaume Achen an der Catherine Molitor, a war mat der Catherine Schneider bestuet.

De J.P. Achen huet Notizen hannerlooss, déi eng Aart perséinlech Chronik fir d'Jore 1794 bis 1806 zu Iechternach duerstellen. Si si vum Iechternacher Dechen Théophile Walin publizéiert ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Walin, T., 2001. Die Notizen des Echternacher Schullehrers J.P. Achen (9.9.1734 - 20.6.1806). In: Annuaire de la Ville d'Echternach 2001, S. 26-30.