Op den Inhalt sprangen

Jean Wilwert (1876)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Wënzer Jean Wilwert vu Welleschten. Fir aner Leit mat demselwechten Numm, kuckt wgl. Jean Wilwert.
Jean Wilwert
Gebuer 26. Juli 1876
Welleschten
Gestuerwen 10. Oktober 1953
Welleschten
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Wënzer
Stroosseschëld zu Wellesteen.

De Jean Wilwert, gebuer de 26. Juli 1876 zu Welleschten, an och do den 10. Oktober 1953 gestuerwen,[1] war e lëtzebuergesche Wënzer, deem säi Papp och Jean Wilwert geheescht huet.[2]

Hie war mat der Catherine Brücher bestuet, der Schwëster vum Nicolas Brücher, déi 1927 am Alter vu knapp 47 Joer gestuerwen ass. Zesummen haten si 9 Kanner.

D'Heemechtshaus vum Jean Wilwert an der Rue Jean Wilwert, mam Schëld Fournisseur de la Cour un der Fassad.

Hie war 1930 Grënnungspresident vun der Wënzergenossenschaft Wellesteen.[3][4] No enger Rei Jore koum et zum Sträit an hien ass aus der Genossenschaft ausgetrueden fir als Privatwënzer weider ze maachen. Hien hat sech doropshin ënner anerem op "Masswäin" spezialiséiert an huet och d'Kathedral beliwwert. De Wënzerbetrib Wilwert-Brücher war och jorelaang och Fournisseur de la Cour. No sengem Doud sinn e puer vu senge Kanner, déi och Wënzer waren, erëm an d'Genossenschaft agetrueden.

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Wellesteen eng Strooss, d'Rue Jean-Wilwert (L-5470), no him genannt.


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Avis de décès 6 Page 6. In: Luxemburger Wort, 106. Jg., n° 285 (12.10.1953), p. 6. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. Informatioune vum Jean Wilwert, gebuer 1960, zum Liewe vu sengem Grousspapp Jean Wilwert, gebuer 1876.
  3. Informatioun um Stroosseschëld
  4. Avis vum 27. Mee 1930 - caves coopératives des vignerons. Memorial, S.431 (31. Mee 1930). Gekuckt de(n) 10.10.2024.