Op den Inhalt sprangen

Jeannot Kremer

Vu Wikipedia
Jeannot Kremer
Gebuer 3. August 1939
Gestuerwen 17. November 2011
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer, Lokalpolitiker

De Jeannot ("Nono") Kremer, gebuer den 3. August 1939 zu Déifferdeng, a gestuerwen de 17. November 2011, war e lëtzebuergesche Foussballspiller, -trainer a Lokalpolitiker (DP).[1]

Hie war Golkipp beim CS Uewerkuer an dono fir 6 Joer Trainer. No zwee Joer bei der AS Déifferdeng war hien, vunn 1979 bis 1984 Golkipp an Trainer bei der Jeunesse Esch. 1985 ass hien fir 3 Joer als Trainer bei d'Spora gewiesselt, dono fir 2 Joer bei de Progrès Nidderkuer an zulescht fir ee Joer bei d'AS Déifferdeng.[2]

Hien huet och 10 Joer laang bei der FLF Traineren ausgebilt. Berufflech huet hien op der Arbed geschafft.[1]

Zu Uewerkuer gouf eng Strooss no him genannt.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 "Jeannot Kremer am Donnerstag verstorben." tageblatt, 18.11.2011.
  2. Georges Klepper: Spuren des Sports in Luxemburg - Traces du sport au Luxembourg, S.321.
  3. Adressen op geoportail.lu.