Jeff Saibene

Vu Wikipedia
Jeff Saibene
Gebuer 13. September 1968
Keespelt
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 170 Zentimeter
Veräin/Ekipp Union Lëtzebuerg,
Royal Standard de Liège,
FC Swift Hesper,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

De Jeff Saibene, gebuer den 13. September 1968 zu Keespelt,[1] ass e lëtzebuergesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller.[2]

Tëscht dem 14. Oktober 1986 an dem 6. Oktober 2001 huet hien 63-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]

De Jeff Saibene, dee beim FC Kehlen seng éischt Lizenz hat, huet an der Saison 1985/1986 fir d'Union Lëtzebuerg gespillt. Duerno war hie vun 1986 bis 1989 beim Standard Léck, ier hie vun 1989 bis 1992 an der Schwäiz beim FC Aarau gespillt huet, fir vun do bei Old Boys Basel ze wiesselen, wou hie bis 1995 bliwwen ass. Hien ass dunn nees zeréck bei den FC Aarau gewiesselt vu wou hien 1998 bei den FC Locarno gaangen ass. 1999 ass hie fir seng lescht Statioun als Foussballspiller bei de Swift Hesper gewiesselt, wou hie bis 2002 bliwwen ass.[4]

Vu Juli 2004 bis 2006 war de Jeff Saibene Kotrainer zesumme mam Guy Hellers bei der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp. Duerno war hie bis 2007 d'éischt Kotrainer an duerno Trainer beim FC Thun deen hie virum Ofstig gerett huet. Vun 2007 bis 2009 war hien du Kotrainer beim FC Aarau an duerno wärend 3 Méint Trainer vum FC Aarau. Vun August 2010 bis Mäerz 2011 war hien Trainer vun der lëtzebuergescher U21 Nationalekipp.

Vum Mäerz 2011 a bis de September 2015 war hien Trainer beim FC St. Gallen an der Schwäiz.[5] Vun 2015 bis 2017 war hien Trainer beim FC Thun[6], 2017 bis 2018 bei Arminia Bielefeld an 2019-2020 beim FC Ingolstadt[7].

Zanterhier ass hien Trainer vum 1. FC Kaiserslautern.[8]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.fupa.net/berichte/dsc-arminia-bielefeld-er-ist-der-graf-von-luxemburg-939758.html
  2. De Jeff Saibene op Football Database.eu
  3. Lëscht vun de Lännermatcher vum Jeff Saibene op der Websäit European Football
  4. De Jeff Saibene op der Websäit National Football Teams
  5. Dem Jeff Saibene seng Carrière als Foussballtrainer op 'transfermarkt'
  6. "Ab Sommer: Saibene kein Trainer mehr beim FC Thun." wort.lu, 13.01.2017.
  7. "Ingolstadt trennt sich von Saibene," wort.lu, 09.03,2020.
  8. "Saibene: 'Der Betzenberg ist legendär'." wort.lu, 02.10.2020.