Jim Penning
Jim Penning | |
---|---|
Gebuer |
12. Mee 1942 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 4. November 2024 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Affekot, Auteur |
De Jim Penning, gebuer den 12. Mee 1942 an der Stad[1], a gestuerwen de 4. November 2024[2][3], war e lëtzebuergeschen Affekot an Auteur.
Hien huet op der Universitéit Panthéon-Assas zu Paräis studéiert[4] a seng Affekoten-Etüd Penning & Wurth 1966 an der Stad opgemaach[5]; hie war op Zivil- a Geschäftsrecht spezialiséiert.
A senger Fräizäit huet hie sech fir asiatesch Konscht a Kultur a fir Musek interesséiert. Hie war e grousse Frënd vum Franz Liszt.
Hie war och eng Zäit laang President vum Iechternacher Festival.
De Jim Penning war am Dezember 2008 Matgrënner vun der indescher Chambre de Commerce a war fofzéng Joer laang am Verwaltungsrot. Vun 1995 bis 2010 war hie Generalkonsul fir Indien zu Lëtzebuerg.
Iwwer 15 Joer laang war de Jim Penning - deen och Hindi geschwat huet - indesche Generalkonsul fir de Grand-Duché an och Grënner vun der indescher Chambre de Commerce hei am Land.
Hie war Papp vun dräi Kanner, dorënner den Affekot Philippe Penning.
Wierker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Penning, Jim. Liszt in Luxembourg. London: The Liszt Society, 1984. Print.
- Muller, Jean-Claude, Penning, Jim, Franz Liszt und seine Beziehungen zu Munkácsy und Luxemburg. Le Luxembourg et l’étranger : présences et contacts = Luxemburg und das Ausland : Begegnungen und Beziehungen : pour les 75 ans du professeur Tony Bourg / éd. par Jean-Claude Muller et Frank Wilhelm. - Luxembourg : SESAM, 1987. N.p., 1987. Print.
- Muller, Jean-Claude, Penning, Jim,. Franz Liszt’s Relationship to Mihály Munkácsy and Luxembourg. Revised and enlarged version translated and adapted by Luc Deitz and Olga Anna Duhl. S.l: The Liszt Society Journal, 2012. Print.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)F7839 – Indian Business Chamber of Luxembourg. lbr.lu. Gekuckt de(n) 07.11.2024.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 7. November 2024, S.28.
- ↑ (lb)RIP: Nom Gaston Vogel stierft den Affekot Jim Penning am Alter vun 82 Joer. www.rtl.lu (06.11.2024). Gekuckt de(n) 07.11.2024.
- ↑ Jim PENNING. www.psw-avocats.lu. Gekuckt de(n) 07.11.2024.
- ↑ Histoire. www.psw-avocats.lu. Gekuckt de(n) 07.11.2024.