Joëlle Diderich

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Joëlle Diderich gebuer den 11. Mee 1972 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Journalistin a Fotografin.

Wéi d'Joëlle fënnef Joer hat, huet si scho vun der wäiter Welt gedreemt. Zum hirem Gléck gouf hire Papp, dee fir eng Schwäizer Bank geschafft huet, op Bahrein geschéckt an duerno op London, wou d'Joëlle an e franséische Lycée gaangen ass, an duerno um Londoner University College Ekonomie studéiert huet. No hirem Ofschloss huet si bei enger Presseagence fir Wirtschaft mat Schaffen ugegaangen, an huet duerno fir d'Agence Reuters geschafft. Dat huet hir d'Welt opgemaach. Fënnefmol huet si misse plënneren an der Zäit, wou si fir Reuters geschafft huet. Hir Aarbecht ass villsäiteg an erstréckt sech vun de Moudendefiléë bis op d'Devisemäert.

Lo ass d'Joëlle zu Paräis, wou si als fräi Journalistin a Fotografin aktiv ass. Mä si gleeft net drun, datt se fir d'lescht geplënnert ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Raymond Reuter: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt, S. 46: Joëlle Diderich, 2003, Éditions Luxnews, ISBN 2-9599932-2-5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]