Jo Nousse
| Jo Nousse | |
|---|---|
| Gebuer |
1958 Diddenuewen |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Gittarist, Singer-Songwriter |
|
| |
De Jo Nousse, respektiv offiziell Joseph Nousse, gebuer 1958 zu Diddenuewen am Departement Moselle, ass e franséischen Auteur, Komponist, Sänger, Songwriter a Gittarist. Hie war vu Beruff Enseignant. Hien ass den éischte Fonctionnaire vun der Éducation nationale dee vollzäiteg Lëtzebuergesch (Francique luxembourgeois / Lëtzebuerger Platt) enseignéiert huet.
De Jo Nousse ass zu Hunting am Sierker Land mat Lëtzebuerger Platt als Mammesprooch opgewuess. Hie léiert réischt mat sechs Joer Franséisch.
Als Museker spillt de Jo Nousse zënter 2016 zesumme mam Olivier Niedercorn am Duo la Schlapp sauvage e Repertoire vu Lidder op Lëtzebuergesch an op Franséisch. De Jo Nousse war fréier a follgende Museksgruppe bedeelegt: Geeschtemat?, Tutti Futti a Mannijo. Am Kader vun Tutti Futti war hien den Auteur vun engem Protestlidd géint d'Atomkraaftwierk Cattenom.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Léider a Gedichter fir d'Kanner. 1985
- Chemin faisant avec l'âne de Sierck/Ënnerwee mam siirker Iesel. 2005
Theater a Spektakelen
[änneren | Quelltext änneren]- Schnaps, dat war jo säin éischt Wuert. 1986
- Si le dragon m'était chanté
- Dis voir !
- Daniel Laumesfeld: le voyageur enraciné
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Errances Bilingues. Éditions Gewan. 1984.
- Fragments d'arc-en-ciel/Reebousplitteren. Éditions Gewan. 1992.
- Plattagonie. Éditions Gau un Griis. 2009.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]la Schlapp sauvage
[änneren | Quelltext änneren]- 2017: Wëllkomm! - Bienvenue ! Album, CD. lSs01. Produzéiert vu Réseau 3R.
- 2020: Blummen a Gëft - Fleurs et poison. Album, CD. lSs02. Produzéiert vu Réseau 3R.
- 2025: Musel Musek. Album, CD. lSs03. Produzéiert vu Réseau 3R.
Geeschtemat ?
[änneren | Quelltext änneren]- Geeschtemat? séngt op Platt. LP, Médiaphone. 1981.
- 1 Lidd op: Muselfränkéch oni Grenzen. Schnoog. 1984.
Mannijo
[änneren | Quelltext änneren]- Iwer d'Grenzen/Transfrontières. 1999.
- Abrakadabra. 2001.
- Dräilännergeck. 2006.
- 20 magesch Lidder. 2011.
- Café-Klatsch. 2014.
Tutti Futti
[änneren | Quelltext änneren]- Reebou. Maxi 45T, Apero/Tutti. 1987.
- 1 Lidd op: Tontexte/Text-Töne. Coproduction SR/EMI. 1989.
- 1 Lidd op: Lorraine d'En Fer. Amper. 1991.
- 1 Lidd op: Musek ouni Grenzen. Schnoog. 1992.
- Trans-Eurock Express. 1993.
- 1 Lidd op: Vinilkosmo. Eurokka, 1995.
- 2 Lidder op: Compil'Rock à Thionville. Cadence Music. 1995.
- Bilingue dingue. Mini-album, 1996.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Fratzbuch-Säit vum Jo Nosse: https://www.facebook.com/Jo.Nousse
- https://laschlappsauvage.com/
- De Jo Nousse den 11. Mäerz 2019 als Invité am Moiesmagazin um 100,7: https://www.100komma7.lu/podcast/243056
- Blogsäit vun der Museksgrupp Mannijo: http://mannijo.eklablog.com/
