Joachim Heilbrunn

Vu Wikipedia
Joachim Heilbrunn
Gebuer 1754
Gestuerwen 10. Oktober 1806
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Joachim Théodore Alexandre Heilbrunn (och Heilbrun oder Heilbron resp. Heilbronn geschriwwen), gebuer am Joer 1754 a Schlesien, gestuerwen den 10. Oktober 1806 zu Iechternach, war Dokter zu Iechternach.

Am Februar 1779 huet den Heilbrunn sech an der Stad Lëtzebuerg mat der Anna-Maria Hoffman bestuet. Hie war deemools nach Student op der Universitéit vun Tréier, wou hien anscheinend 1787 Professer ginn ass.[1] Den Heilbrunn war Titulaire vun engem Dokteschdiplom vun der Universitéit vu Stroossbuerg, deen den 21. Juli 1792 ausgestallt ginn ass.[2]

Hien ass am Laf vun de 1790er Jore vun Tréier hir op Iechternach komm, wou hie vu 1796 bis 1804 Oekonom vum Biergerhospiz war.[1]

Säi Fils, den Ignatius-Josephus-Johannes Heilbrunn, deen de 16. Juli 1790 zu Tréier op d'Welt komm ass, huet sech op Sylvester 1842 an der Stad Lëtzebuerg mat der Margarethe Pint, der Duechter vun engem Wollwiewer aus der Neierbuerg, bestuet.[1]

Vum 22. August 1800[3] bis den 8. Juli 1801 war de Joachim Heilbrunn Buergermeeschter vun Iechternach.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 682.
  2. Sprunck, A., 1960. Le gouverneur Willmar (1763-1831). Biographie nationale du pays de Luxembourg, 10e fasc., S. 565.
  3. Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  4. Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.