Joanny Scott

Vu Wikipedia
Joanny Scott
Gebuertsnumm Crotte
Gebuer 19. Joerhonnert
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Huttmécher, Erfinder


De Joanny Scotte, deen als Crotte gebuer gouf, säin Numm awer méi spéit a Scotte ännere gelooss huet, war e franséischen Huttmécher an Erfinder.

Hien huet sech scho fréi mat Dampmaschinne beschäftegt an an de Joren 1892 an 1893 zu Épernay op d'mannst zwee Gefierer entwéckelt, déi mat Damp ugedriwwe goufen. Ëm 1893 huet hien zu Paräis d'Société des chaudières et voitures à vapeur système Scotte gegrënnt mat där hie seng Gefierer kommerziell gebaut huet, dorënner eng oppe Wagonette fir eng privat Clientèle oder méi grouss Gefierer fir de Gidder- oder Persounentransport.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Scotte-Tram.

Mat engem aneren, als Omnibus genannte Gefier, an deem Plaz fir sechs Leit war, ass de Scott 1894 bei Paris-Rouen, der éischt Autoscourse an der Geschicht matgefuer. Wéinst engem Accident koum hien net bis op d'Arrivée, e krut awer vum Organisateur e Prix d'encouragement vu 500 franséische Frang[1].

Mat der Produktioun vu senge Gefierer war et ëm 1914 fäerdeg an de Scotte ass op Épernay gaangen, wou hie eng Huttmécherei opgmemaach huet.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Voitures sans chevaux - Le concours du « Petit journal », Le Petit journal. Gallica (24.07.1894). Gekuckt de(n) 26.03.2023.