Société des chaudières et voitures à vapeur système Scotte

Vu Wikipedia
Société des chaudières et voitures à vapeur système Scotte
Grënnungsdatum ~1893
Schlussdatum 1914
Sëtz Paräis, Frankräich
Leedung Joanny Scott
Branche Automobilindustrie

D'Société des chaudières et voitures à vapeur système Scotte war eng franséisch Firma déi Heizkesselen a Gefierer déi mat Damp ugedriwwe goufen, fabrizéiert huet.

Se gouf ëm 1893 zu Paräis vum Joanny Scott gegrënnt fir d'Gefierer déi hien entwéckelt hat, op kommerzieller Basis ze bauen. Dozou hunn eng oppe Wagonette fir eng privat Clientèle grad ewéi méi grouss Gefierer fir de Gidder- oder Persounentransport gehéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Scotte-Tram.

Mat der Produktioun vun de Gefierer war et 1914 fäerdeg an d'Firma gouf fir zerguttst zougemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Société des chaudières et voitures à vapeur système Scotte – Biller, Videoen oder Audiodateien