Johnny Got His Gun

Vu Wikipedia
Johnny Got His Gun
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1971
Première 1971
Dauer 111 min
Faarf Faarweg,
Schwaarz-Wäiss
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Dalton Trumbo
Dréibuch Dalton Trumbo
Fotografie Jules Brenner
Musek Jerry Fielding
Produzent Bruce Campbell
Schauspiller
Timothy Bottoms als Joe Bonham (Johnny)
Kathy Fields als Kareen
Jason Robards als dem Johnny säi Papp
Marsha Hunt als dem Johnny seng Mamm
Donald Sutherland als Christus
Diane Varsi als Infirmière
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Johnny Got His Gun (fr. Johnny s'en va-t-en guerre; dt. Johnny zieht in den Krieg) ass en US-amerikaneschen Anti-Krichsfilm vun 1971, gedréint vum Dalton Trumbo, dee säin eegene Roman vun 1939 verfilmt huet.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

De Film erzielt d'Geschicht vum 21-järegen Joe (Johnny) Bonham, dee fräiwillig fir d'USA an den Éischte Weltkrich zitt a vun enger Granat schwéier blesséiert gëtt. Als blannen, an dafstommen Torso läit en dann an engem Spidol, wou en tëscht Dram a Realitéit vegetéiert. No méi wéi engem Joer bréngt hien et fäerdeg sech matzedeelen, mä wéi hien drëm biedelt, stierwen ze däerfen, do gëtt em dëse Wonsch refuséiert.

Wéi ass et zum Film komm?[änneren | Quelltext änneren]

1938 schreift den Trumbo d'Buch. 1953 lieft den Trumbo a Mexiko, wou en de Luis Bunuel kenneléiert, deen 1964 dem Trumbo säi Buch verfilme wëll. Den Trumbo schreift d'Dréibuch, mä de Produzent geet faillite. 1967 deet sech den Trumbo mam Bruce Campbell zesumme fir d'Produktioun virzebereeden. De Film gëtt vun de 17 grousse Studioe refuséiert, mä de Simon Lazarus, dee schonn 1953 dem Herbert Bibermann säi Salt of the Earth finanzéiert hat, léisst sech iwwerzeegen. Am Mäerz 1971 weist den Trumbo säi Film dem Selectiounskommitee vum Filmfestival vu Cannes, deen de Film op Uroode vum Jean Renoir, Francesco Rosi a Samuel Fuller unhëlt. De Film kritt de Grand Prix Spécial du Jury.

Besonnesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Musekgrupp Metallica huet Zeenen aus dem Film fir hiren éischte Museksvideo One gebraucht.

Enn vum 19. an uganks vum 20. Joerhonnert gouf versicht mam Opruff "Johnny get your gun" jonk US-Amerikaner fir de Militärdéngscht ze begeeschteren. De Filmtitel "Johnny got his gun" weist nom Motto "Dat huet en elo dovun", wat den naive Wonsch sech eng déidlech Waff ze huelen als Konsequenzen huet.

Virlag[änneren | Quelltext änneren]

D'Virlag vum Dalton Trumbo ass ënner dem Titel "Johnny zieht in den Krieg. Es ist der entsetzlichste, erschütterndste Protest, der jemals gegen den Krieg erhoben wurde" 1985 beim Eichborn Verlag erauskomm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]