Op den Inhalt sprangen

Luis Buñuel

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Luis Bunuel)
Luis Buñuel
Gebuertsnumm Luis Buñuel Portolés
Gebuer 22. Februar 1900
Calanda
Gestuerwen 29. Juli 1983
Mexiko-Stad
Doudesursaach Liewerzirros
Nationalitéit Spuenien, Mexiko
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller, Filmediteur, Schrëftsteller, Komponist, Dichter, Filmproduzent, Fotograf, Regisseur
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Liewenspartner(in) Concha Méndez

De Luis Buñuel Portolés, gebuer den 22. Februar 1900 zu Calanda, a Spuenien, a gestuerwen den 29. Juli 1983 zu Mexiko-Stad, war e spuenesch-mexikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmediteur. Hie gëtt zu de wichtegste Regisseure vum 20. Joerhonnert gezielt.

Seng éischt Filmer si staark vu Surrealimus beaflosst; de Buñuel huet mam Salvador Dalí an der Paräisser Surrealiste-Grupp ronderëm den André Breton zesummegeschafft. Dat bekanntst Wierk aus där Zäit ass Un chien andalou vun 1929, an och säin zweete Film, L'Âge d'Or, huet fir e Skandal gesuergt.

No 1945 huet hie virun allem a Mexiko Filmer an den ënnerschiddlechste Genrë gedréint.

Méi spéit hat hien als zentraalt Theema vu senge Filmer dacks de Kampf géint eng Bourgeoisie, déi just nach a repetitiven a verkuuschte Ritualer weider existéiert, wéi z. B. El ángel exterminador (1962) Belle de Jour (1967) a Le charme discret de la Bourgeoisie (1972).

Fir Le charme discret... krut hien 1973 den Oscar fir dee beschten net-engeleschsproochege Film, an um Filmfestival vu Cannes krut hien 1951 fir Los Olvidados de Präis vum beschte Regisseur, an 1961 fir Viridiana d'Palme d'or.


  • Luis Buñuel, Mon dernier soupir (autobiographie), coécrit avec Jean-Claude Carrière, 1982.
  • Conversations avec Luis Buñuel, Tomas Perez Torrent et Jose de la Colina, Paris, Cahiers du cinéma, 1993 (première édition espagnole, 1986).
  • Freddy Buache, Buñuel, Genève, L'Âge d'homme, 1990.
  • Jean-Claude Carrière Le Réveil de Buñuel, Paris, Odile Jacob, 2011.
  • Fernando Cesarman, L'Œil de Buñuel.
  • Maurice Drouzy, Luis Buñuel, architecte du rêve, Paris, Pierre Lherminier, 1978.
  • Antonio Monegal, Luis Buñuel de la literatura al cine, una poética del objeto, Barcelona, Anthropos, 1993.
  • Marcel Oms, Don Luis Buñuel, préface de Jean-Claude Carrière, Paris, Le Cerf, "coll. 07. Art", 1985.
  • Jeanne Rucar de Buñuel, Memoirs of a Woman Without a Piano: My Life With Luis Bunuel, Five Ties Publishing, 2011-
  • Marie-Claude Taranger, Luis Buñuel, le jeu et la loi, Vincennes, PUV, 1998.
  • Charles Tesson, Luis Buñuel, Paris, Étoile/Cahiers du Cinéma, coll. « Auteurs », 1995.
Commons: Luis Buñuel – Biller, Videoen oder Audiodateien