Jopich

Vu Wikipedia
Nërdlech vun der Schibbreger Mille leeft d'Jopich an d'Klierf.

D'Jopich ass eng Baach an de Gemenge Kiischpelt a Parc Housen.

Se entspréngt op enger Héicht vu 470 m um Flouer Scheed, no beim CR232. Vun do aus leeft se op enger Längt vu ronn 5 km a südwestlecher Richtung, an engem Dall tëscht dem Pënzebierg an der Pënzerhuuscht, ier se, op enger Héicht vun 272 m vu lénks an d'Klierf leeft.

Op engem groussen Deel vun hirem Laf mécht se d'Grenz tëscht de Gemenge Kiischpelt a Parc Housen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jopich – Biller, Videoen oder Audiodateien