Jores Iwanowitsch Alfjorow

Vu Wikipedia
Jores Iwanowitsch Alfjorow
Gebuer 15. Mäerz 1930
Gestuerwen 1. Mäerz 2019
Sankt Péitersbuerg
Nationalitéit Sowjetunioun, Russland
Aktivitéit Physiker, Politiker, Erfinder, Deputéierten an der Duma
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Member vun Leibnitz-Gesellschaft, National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Polnesch Akademie vun de Wëssenschaften, Akademie der Wissenschaften der DDR, Accademia Nazionale delle Scienze

De Jores Iwanowitsch Alfjorow (Russesch: Жоре́с Ива́нович Алфёров), gebuer de 15. Mäerz 1930 zu Witebsk, an der Wäissrussescher SSR (UdSSR), a gestuerwen den 1. Mäerz 2019[1] zu Sankt Petersburg, a Russland, war en sowjetesche resp. russesche Physiker.

Hie war vun 1987 bis 2003 Direkter vum Joffe-Institut zu Sankt Péitersbuerg. 2000 krut hien, zesumme mam Herbert Kroemer an Jack S. Kilby, de Nobelpräis fir Physik.

Hien huet virun allem iwwer Hallefleederlaser gefuerscht - déi Zort Laseren, déi haut z. B. bei Barcodescanneren, CD-Spiller oder Laserdréckeren zum Asaz kommen.

Vun 1989 war hie Vizepresident vun der Sowjetescher resp. Russescher Akademie vun de Wëssenschaften. Hie war och zanter 1995 Member vun der russescher Duma.[2]

Säi Virnumm ass en Hommage un de Jean Jaurès.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jores Iwanowitsch Alfjorow – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jores Iwanowitsch Alfjorow ist gestorben
  2. "Nobel Winner Laments Poverty of Russian Science". New York Times, 2000-10-12.