Joseph-Adolphe Alzinger

Vu Wikipedia

Den Abbé Joseph-Adolphe Alzinger gebuer de 4. Februar 1899 zu Éibeng, a gestuerwen de 15. Juni 1978 zu Tournai, war e belsche Paschtouer, Miltäraumonier, Schrëftsteller, Iwwersetzer, a Resistenzler.

De Joeph-Adolphe Alzinger hat seng Humanités am Collège Saint-Joseph zu Virton, an duerno e Philosophie- an Theologiestudium op de Seminairë vu Baaschtnech an Namouer gemaach.

Hie gouf 1925 zum Geeschtleche geweit a gouf Kaploun zu Athus an zu Saint-Mard, éier hien 1930 Paschtouer zu Bébange gouf.

Säin Aarbechtsfeld war grouss. Hie war Professer, Paschtouer, Aumônier vun de Chasseurs ardennais a vun de Maquissarden am Süde vun der Provënz Lëtzebuerg fir déi hien eng heemlech Zeitung erausginn huet. Hien huet sech ëm Jugendorganisatioune bekëmmert, a war Journalist a Mataarbechter vu verschiddene Revueën. Vun 1935 huet hie fir d'Radio catholique belge Chroniquë gemaach.

Als Folleg vun engem Bommenattentat zu Arel op d'Geschäft vum Kollaborateur Ambroise nieft dem Haaptquartéier vun der Gestapo, goufe Razzië gemaach a 40 Geisele festgeholl, dorënner den Abbé Alzinger deen zu Bébange am Paschtoueschhaus e Member vum Intellence Service an e polnesche Marinekadett, dee mat dem franséische Maquis zesummegeschafft huet, verstoppt hat. Hie gouf fir d'éischt op Arel an de Prisong bruecht, an du grad wéi déi aner an d'KZ-Neuengamme bei Hamburg verschleeft. Vun do koum hien nom Krich als Invalid erëm.

Als Schrëftsteller huet hien e ganze Koup Wierker ënner de Pseudonyme Pélican noir a Josse Alzin erausginn, an en huet Iwwersetzunge fir d'Editions Marabout, Desclée, Seghers, a Casterman gemaach.

Hien huet en ettlech laang Reesen an Israel gemaach, iwwer déi en och geschriwwen huet, a war Grënnungsmember vun den Amitiés belgo-israéliennes.

Vun 1948 un huet hien zu Tournai gewunnt, wou en och gestuerwen ass.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Gedichter[änneren | Quelltext änneren]

  • La soif du pèlerin, ënner dem Pseudonym Francis Delvaux, Éd. Iris, Verviers, 1938 (ausverkaaft).
  • La crèche aux merveilles, Éd. Maison du Poète, Bruxelles, 1940 (ausverkaaft).
  • L'Ecume des coeurs, roman, Éd. Durendal, Bruxelles, 1938 (ausverkaaft).
  • Ce rien miraculeux, Éd. C.E.L.F., Bruxelles, 1950. Rééd. Éd. La Dryade, Virton, 1977.
  • Le semblable, préface par Armand Bernier, Éd. L'Avant-Poste, Bruxelles, 1950.

Spirituell Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Les buissons ardents, préface par Pierre l'Hermite, Éd. Casterman, Tournai, 1935 (ausverkaaft).

Biographien[änneren | Quelltext änneren]

  • On dirait des saints, sous le pseudonyme de Francis Delvaux, Éd. Bloud et Gay, Paris, 1939 (ausverkaaft).
  • Léon Leloir, Éd. Beyaert, Bruges, 1948 (ausverkaaft).
  • Ce petit moine dangereux, biographie et mort en déportation de T. Brandsma, Éd. Bonne Presse, Paris, 1949. Traduit en 4 langues.
  • Le Petit Curé, un saint moderne, Éd. Salvador, Mulhouse, 1950.
  • 75 ans de joie impossible à cacher, biographie d'un jésuite allemand en renom de sainteté, Éd. Ignatiushaus, Trêves, 1975.