Op den Inhalt sprangen

Joseph Antoine Schroell

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Joseph Antoine Schroell
Gebuer 18. Mäerz 1798
Tréier
Gestuerwen 28. September 1865
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Drécker
Famill
Kanner Théophile Schroell

De Joseph Antoine Léonard Schroell, gebuer den 18. Mäerz 1798 zu Tréier[1] a gestuerwen den 28. September 1865 zu Dikrech[2][3], war e lëtzebuergeschen Drécker an Zeitungsediteur zu Lëtzebuerg.

Hien ass 1822 op Iechternach geplënnert, an 1832 op Dikrech. Do huet hien, no enger Proufnummer datéiert de 25. Februar 1837, den 3. Mäerz 1837 déi éischt Zeitung zu Lëtzebuerg erausginn, déi net an der Stad Lëtzebuerg erauskoum: d'Wochen-Blatt für Bürger und Landleute, dat spéider an Diekircher Wochenblatt ëmgenannt gouf a vun 1849 un den Titel Der Wächter an der Sauer hat.

Hie krut de 7. Januar 1849 duerch Naturalisatioun déi lëtzebuergesch Nationalitéit.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 (fr)LOI du 7 janvier 1849, qui accorde la naturalisation au sieur Schrœll, de Diekirch.. Memorial Nummer 19 189. viewer.eluxemburgensia.lu (1849). Gekuckt de(n) 1- September 2024.
  2. (en)Joseph Antoine Léonard SCHROELL. ancestry.com. Gekuckt de(n) 1. September 2024.
  3. (fr)Jules Mersch, Chapitre III Btanche des Schroell - imptimeurs - Jos.-Ant. Schroell. Biographie Nationale du pas de Luxembourg depuis ses origines jusqu'à nos jours 432. luxemburgensia.bnl.lu. Gekuckt de(n) 01.09.2024.