Joseph Saidu Momoh
| Joseph Saidu Momoh | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
26. Januar 1937 Binkolo |
| Gestuerwen |
3. August 2003 Conakry |
| Nationalitéit | Sierra Leone |
| Aktivitéit | Politiker, Militär |
| Fonctioun | President vu Sierra Leone |
| Bestuet mat | Hannah Momoh |
|
| |
De Joseph Saidu Momoh, gebuer de 26. Januar 1937 zu Binkolo, a gestuerwen den 3. August 2003 zu Conakry, war vun 1985 bis 1992 President vu Sierra Leone.
De Momoh, dee vum Stamm vun de Limba war, ass 1958 an d'Arméi vun der brittescher Kolonie agetratt. 1971 gouf hien de Chef vun dëser Trupp, an 1974 Deputéierten am Parlament a Staatssekretär an der Regierung vum deemolege President Siaka Stevens.
Als Generolmajouer gouf hien 1984 Chef vum État-major.
Den 28. November 1985 gouf de Momoh President a blouf dat bal siwe Joer bis den 29. Abrëll 1992, wéi hie vum Valentine Strasser ofgesat gouf.
Am Biergerkrich vun 1998 gouf de Momoh am Februar vun Zaldote vun der Interventiounstrupp vun der Wirtschaftsgemeinschaft vun de westafrikanesche Staaten (Economic Community Of West African States, ECOWAS) gefaange geholl an de 5. November 1998 wéinst Konspiratioun an Héichverrot zu 10 Joer Prisong verurteelt, wéinst engem Putsch am Mee 1997 an deen hie sollt verwéckelt gewiescht sinn.
Hie konnt fortlafen, ass awer dunn an d'Hänn vun de Rebelle vun der Revolutionary United Front (RUF) vum Foday Sankoh geroden a gouf am November 1999 erëm lafe gelooss. D'Regierung vum President Ahmad Tejan Kabbah hat hie schonn am Juli amnestéiert.
No sengem Doud am Exil a Guinea gouf hien op Freetown bruecht an e krut e Staatsbegriefnes.
