Josias Braun-Blanquet

Vu Wikipedia
Josias Braun-Blanquet
Gebuer 3. August 1884
Chur
Gestuerwen 20. September 1980
Montpellier
Nationalitéit Schwäiz
Educatioun Universitéit vu Montpellier
Aktivitéit Botaniker, Biolog, Universitéitsprofesser
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Section des sciences de l'IEC, Polnesch Akademie vun de Wëssenschaften

De Josias Braun-Blanquet (eigentleche Familljennumm: Braun), gebuer den 3. August 1884 zu Chur (Schwäiz) a gestuerwen den 20. September 1980 zu Montpellier, war e Schwäizer Botaniker.

Hien ass de Grënner vun der Station internationale de géobotanique méditerranéenne et alpine (SIGMA) vu Montpellier an ee vun de grousse Pionéier vun der Phytosociologie. Zu Montpellier huet hie d'Gabrielle Blanquet kennegeléiert a sech 1915 mat hir bestuet. Vun do un huet hie seng Publikatioune mat « Braun-Blanquet » signéiert.

Säin Haaptwierk ass d'Buch Pflanzensoziologie. Grundzüge der Vegetationskunde (1. Oplo 1928, 2. Oplo 1951, 3. Oplo 1964), dat op Englesch a Spuenesch iwwersat ginn ass.

De Braun-Blanquet stoung a perséinlechem Kontakt mam Nicolas Thurm, deen hien 1940 zu Montpellier kennegeléiert hat, grad sou wéi de François Léon Lefort.[1] De Léopold Reichling huet 1948 an 1949 e Stage zu Montpellier gemaach, fir sech ënner der Leedung vum Braun-Blanquet an dem Louis Emberger mat de Methode vun der Phytosoziologie ze familiariséieren.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • de Bolos, O., Josias Braun-Blanquet, Coire 1884 - Montpellier 1980. Vegetatio 48, S. 193-196.
  • Guinochet, M., 1982. Josias Braun-Blanquet (1884–1980). Bulletin de la Société botanique de France 129 (1), S. 73-76. [1]
  • Lefort, F.L. & L. Reichling, 1949. Qu'est-ce que la carte des groupements végétaux du Luxembourg? Les Cahiers luxembourgeois 21 (1949) (7-8), S. 165-176.
  • Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 2015, S. 126, 133.
  2. Massard 2015, S. 135, Lefort & Reichling 1949, S. 172.