Josy Imdahl

Vu Wikipedia
Josy Imdahl
Gebuer 12. Mäerz 1889
Gestuerwen 6. Oktober 1956
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Joseph Josy Imdahl, gebuer den 12. Mäerz 1889 am Stadgronn, a gestuerwen de 6. Oktober 1956 zu Duelem (Réimech), war e lëtzebuergeschen Theaterschrëftsteller.

Am Abrëll 1916 koum et am fréiere Sall Brosius (de spéidere Pôle Nord) zur Uropféierung vun der Operett D'Joffer Marie-Madeleine, d'Musek war vum Louis Beicht.

De' vum Ieweschten Haff gouf vum Ensembel vun der Fraternelle aus dem Gronn de 5. Abrëll 1927 fir d'éischt op d'Bün vum Stadtheater bruecht. Bei dëser Volleksoper ware 85 Leit op der Bün. D'Musek war nees eng Kéier vum Beicht.

Weider Stécker:

  • Aus Geldgier zum Kandsmierder, 1909
  • D'Wichtelcher vu Beggen, 1919

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]