Journal officiel vun der Europäescher Unioun
Sprooch | Offiziell Sprooche vun der Europäescher Unioun |
---|---|
Éischt Ausgab | 1. Februar 2003 |
Land | Europäesch Unioun |
Sujeten | Europäesch Unioun |
Editiounshaus | Office des publications de l'Union européenne |
Websäit | https://eur-lex.europa.eu/oj/direct-access.html |
De Journal officiel de l'Union européenne (JOEU) (fr); Amtsblatt der Europäischen Union (ABl.) (de), souwéi säin Numm-Equivalent an den 22 aneren offizielle Sprooche vun der Europäescher Unioun, ass dat offiziellt Publikatiounsorgan fir d'Europäesch Unioun (EU). E kënnt wiertes op d'mannst eng Kéier am Dag eraus, an dat an alle 24 EU-Sproochen. E Gesetzestext vun der EU gëlt als verbindlech esou, wéi en, a wann en, am OJEU publizéiert ass.[1]
Editeur ass den Office des publications de l'Union européenne.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Nummer koum den 30. Dezember 1952 als Journal officiel de la Communauté européenne de charbon et d'acier eraus, gouf dann, mam Asetze vun den Europësche Gemeinschaften zum Journal officiel des Communautés européennes, fir dann, mam A-Kraaft-Triede vum Traîté vun Nice, den 1. Februar 2003, säin aktuellen Titel ze kréien.[2]
Zanter 1998 kënnt de Journal officiel och online, via d'Datebak EUR-Lex eraus. Zanter dem 1. Juli 2013 hu just nach déi elektronesch publizéiert Editiounen valeur légale,déi pabeiers Versioune si just Kopien dovun.[3] All Editioun gëtt als e Saz Dokumenter am PDF/A-Format erausginn (eng pro Sproochversioun) plus eng als XML-Dokument, déi d'Koherenz vun deem Ganze mat Hëllef vun Hashen an enger digitaler Ënnerschrëft an engem elektroneschen Zäitstempel garantéiert. [4]
Publikatioun
[änneren | Quelltext änneren]De Journal officiel besteet aus dräi Serien:[5]
- D'Serie L (= Legislatioun) an där EU-Gesetzestexter, dorënner Reglementer, Direktiven, Decisiounen, Recommendatiounen an Opiniounen;
- D'Serie C (= Courts) mat Rapporten, Recommendatiounen a Matdeelungen, dorënner och d'Urteeler vum Europäesche Geriichtshaff an dem Tribunal vun der Europäescher Unioun (fréier Éischtinstanz-Geriicht genannt);
- D'Serie S (= Supplement) an där Ausschreiwunge fir Marché-publicken, souwéi och Matdeelunge vum Europäeschen Entwécklungsfong an aneren Agencë publizéiert ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Online-Vversioun vum Journal officiel
- Online-Versioun vun der Serie 'S' ("Tenders Electronic Daily"; "TED")
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Official Journal of the European Union". Practical Law Glossary. Thomson Reuters. Retrieved 7 June 2020.
- ↑ "Official Journal – History". Interinstitutional Style Guide. Publications Office of the European Union. 2020. Retrieved 7 June 2020.
- ↑ Artikel 5 vum Reglement (EU) No 216/2013
- ↑ Schabloun:Cite EU regulation
- ↑ "Structure of the Official Journal". Interinstitutional Style Guide. Publications Office of the European Union. 2019. Retrieved 7 June 2020.