Op den Inhalt sprangen

Juegdgéigner Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Juegdgéigner Lëtzebuerg
Grënnungsdatum 20. Oktober 2010
Opléisungsdatum 20. Juni 2018
Sëtz Monnerech
RCS F8518

Juegdgéigner Lëtzebuerg war eng lëtzebuergesch ASBL, déi den 20. Oktober 2010 gegrënnt gouf. Se hat hire Sëtz zu Monnerech an huet d'Géigner vun der Fräizäitjuegd zu Lëtzebuerg regruppéiert.

Den 20. Juni 2018 gouf de Veräin opgeléist; d'Suen déi nach an der Keess vum Veräi waren, goufen un de Privaten Déiereschutz vun Nidderaanwen a Give Us a Voice Luxembourg vu Réimech zegutt.[1]

Ziler vum Veräin

[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptziler vum Veräi sinn am Artikel 4 vu senge Statute festgehalen:

  • mat alle legale Mëttelen dorop hischaffen, datt déi haiteg Fräizäitjuegd progressiv duerch eng amtlech Juegd ersat soll ginn, déi vu professionelle Jeeër am Kader vun enger staatlecher Verwaltung duerchgefouert géif ginn;
  • d'Ëffentlechkeet sensibiliséieren iwwer d'Virdeeler vu sou enger staatlecher Wëldheeg punkto Ëmwelt an Eethik, wäit ewech vun de perséinlechen Interessie vun der haiteger Fräizäitjuegd.

„L'association a pour objet de:
a) créer, promouvoir et favoriser par tous les moyens légaux un projet visant le remplacement progressif de l'exercice actuel de la chasse-loisir par une structure gouvernementale composée de gardes-faune professionnels. Ces agents techniques à plein temps assureront une protection et une régulation du gibier, en cas de besoin, qui est plus équitable et plus environnementale, dans un esprit de saines conceptions écologiques, économiques et éthiques.
b) sensibiliser le public sur les avantages environnementaux et éthiques d'unenouvelle structure de conservation et de surveillance de la faune, loin des intérêts personnels de l'actuelle chasse-loisir.“

Art. 4 vun de Grënnungsstatuten (20/10/2010)

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Clôture de la liquidation volontaire, 20.06.2018