Juno II (Rakéit)
D'Juno-II-Rakéit war d'Folleg vun der Mëttelstreckerakéit PGM-19 Jupiter. Si bilt d'Grondstuf vun der Juno II a war fir dësen Zweck ëm 0,91 m verlängert ginn. Als Dreifwierk koum e kardanesch opgehaangene Rocketdyne S-3D zum Asaz, dat spéider nëmmen e bëssi modifizéiert och an der Thor zum Asaz koum. Op der éischter Stuf waren zwou oder dräi Feststoffuewerstufen, déi schonn an der Juno I benotzt goufen. Si goufen nom Ausbrenne vun der éischter Stuf (182 s nom Start) per Radioimpuls vum Kontrollzentrum aus gezünnt, wat duerch eng Funkstéierung zum Verloscht vum Explorer S-46 gefouert hat. D'Variant mat nëmmen zwou Uewerstufe gouf nëmmen eemol zum Feelstart vum Beacon-2-Satellit benotzt.
D'Juno II gouf an de Joren 1958 bis 1961 nëmme vu Cape Canaveral aus gestart. Vun zéng Starten waren nëmme véier erfollegräich.
Rakéite vun deem Typ haten zwou Pioneer-Moundsonde (ee Feelstart wéinst virzäitegem Brennschluss vun der éischter Stuf), siwen Explorer-Satellitten (véier Feelstarten) an ee Beacon-Satellit (Feelstart) transportéiert.
D'Juno II konnt 41 kg op eng niddreg Äerdëmlafbunn oder 6 kg op eng interplanetar Bunn transportéieren. Wéinst hirer klenger Leeschtung gouf et keng weider Entwécklung vun dësem Rakéitentyp.
Technesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Juno-2 | |||
---|---|---|---|
Längt | 23,85 m | ||
Duerchmiesser | 2,67 m | ||
Startmass | 55,0 t | ||
Stufen | 4 | ||
1. Stuf | |||
Dreifwierk | North American Rocketdyne LR-79-NA-9 | ||
Startschub | 667,2 kN | ||
Dreifstoff | Kerosin a LOX | ||
Brenndauer | 182 s | ||
Start-/Eidelmass | 54,43 / 4,53 t | ||
Längt | 18,38 m | ||
Duerchmiesser | 2,67 m | ||
2. Stuf | |||
Triebwerk | 11 Thiokol Baby-Sergeant | ||
Schub | 73,4 kN | ||
Dreifstoff | TPH | ||
Start-/Eidelmass | 327/90 kg | ||
Brenndauer | 6,5 s | ||
Längt | 1,07 m | ||
Duerchmiesser | 1,22 m | ||
3. Stuf | |||
Dreifwierk | 3 Thiokol Baby-Sergeant | ||
Schub | 24,0 kN | ||
Dreifstoff | TPH | ||
Start-/Eidelmass | 94/28 kg | ||
Brenndauer | 6,5 s | ||
Längt | 1,07 m | ||
Duerchmiesser | 1,22 m | ||
4. Stuf | |||
Dreifwierk | 1 Thiokol Baby-Sergeant | ||
Schub | 8,0 kN | ||
Dreifstoff | TPH | ||
Start-/Eidelmass | 27/5 kg | ||
Brenndauer | 6,5 s | ||
Längt | 1,07 m | ||
Duerchmiesser | 1,22 m |
Startlëscht
[änneren | Quelltext änneren]Déi vollstänneg Startlëscht vun der Juno-II-Rakéit.
Laf. Nr. | Datum (UTC) | Typ | Ser.-Nr. | Stufenzuel | Startplaz | Notzlaascht | Aart vun Notzlaascht | Notzlaat a kg (brutto¹) | Orbit² | Bemierkung |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1 | 6. Dezember 1958 | Juno-II | AM-11 | 4 | CC LC-5 | Pioneer 3 | Sond soll laanscht de Mound fléien | 5,9 kg | Klëmmt op 102.200 km Héicht ier si zeréckfält an no 38 Stonne vergloust[1] | Deelerfolleg Déi éischt Stuf hat sech ze fréi ofgeschalt. |
2 | 3. Mäerz 1959 | Juno-II | AM-14 | 4 | CC LC-5 | Pioneer 4 | Sond soll laanscht de Mound fléien | 5,9 kg | Heliozentresch | Erfolleg |
3 | 16. Juli 1959 | Juno-II | AM-16 | 4 | CC LC-5 | Explorer S-1 | Fuerschungssatellit | 42 kg | geplangt: LEO | Feelschlag Kontrollverloscht iwwer d'Rakéit no zirka 5 Sekonnen. |
4 | 14. August 1959 | Juno-II | AM-19B | 3 | CC LC-26B | Beacon 2 | Ballonsatellit | 5 kg | geplangt: LEO | Feelschlag Éischt Stuf hat sech ze fréi ofgeschalt. Keng Kontroll iwwer déi iewescht Stufe. |
5 | 13. Oktober 1959 | Juno-II | AM-19A | 4 | CC LC-5 | Explorer 7 | Fuerschungen iwwer d'Kosmesch Stralung | 42 kg | LEO | Erfolleg |
6 | 23. Mäerz 1960 | Juno-II | AM-19C | 4 | CC LC-26B | Explorer 8 (S-46) | Erfuerschung vun der Stralungsceinture | 16 kg? | geplangt: LEO | Feelschlag Drëtt Stuf hat net gezünnt, Kontaktverloschst zu der Buedemstatioun]]. |
7 | 3. November 1960 | Juno-II | AM-19D | 4 | CC LC-26B | Explorer 8 (S-30) | Ionosphärefuerschung | 41 kg | LEO | Erfolleg |
8 | 25. Februar 1961 | Juno-II | AM-19F | 4 | CC LC-26B | Explorer 10 (S-45) | Ionosphärefuerschung | 34 kg | geplangt: LEO | Feelschlag Driëtt Stuf hat net gezünnt. |
9 | 27. Abrëll 1961 | Juno-II | AM-19E | 4 | CC LC-26B | Explorer 11 (S-15) | Gammastralefuerschung | 37 kg | LEO | Erfolleg |
10 | 24. Mee 1961 | Juno-II | AM-19G | 4 | CC LC-26B | Explorer 12 (S-45a) | Ionosphärefuerschung | 34 kg | geplangt: LEO | Feelschlag Zweet Stuf hat net gezünnt. |
¹ Bruttogewiicht = (Satellitten + Adapter, Gehäis a.s.w.)
² NET zwangsleefeg den Zilorbit vun der Noutzlaascht - mä d'Bunn op där d'Notzlaascht vun der Uewerstuf ausgesat soll ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Pioneer-Programm
- Explorer-Programm
- Lëscht vun den Explorer-Missiounen
- Lëscht vun onbemannte Raumfaartmissiounen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Juno II – Biller, Videoen oder Audiodateien |