Pioneer 3

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pioneer 3
D'Pioneer 3-Sond
Zil Biller vun der Mounduewerfläch
Land USA
Agentur NASA
Start 6. Dezember 1958, 05:45 UTC
Startplaz Cape Canaveral AFS Launch Complex 17
Drorakéit Juno II-Rakéit
Status vergloust de 7. Dezember 1958

D'Pioneer 3 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA am Kader vum Pioneer-Programm. Si sollt Fotoe vum Äerdmound maachen, hat awer net déi erfuerderlech Vitesse erreecht a war beim Neesantrëtt an Äerdatmosphär vergloust.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Pioneer 3 bestoung aus enger kegelfërmeger Fiberglasstruktur vun 58 cm Héicht a 25 cm Duerchmiesser. D'Spëtzt war als Antenn ausgebilt. Déi baussenzeg Säit war goldbeschicht, fir s'elektresch leetfäeg ze maachen, a fir d'Thermalkontroll war hat se wäiss Sträifen. D'Sond vu Quecksëlwerbatterien alimentéiert an hat e Sender mat enger Leeschtung vun 0,18 W op 960,05 MHz. Fir d'Reduktioun vun der Spinquote vu 400/min op 6/min waren zwou Masse vu jee 7 g ("Jojo-Massen") op der baussenzeger Säit ugemaach, déi ofgeworf konnte ginn.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Pioneer 3 gouf de 6. Dezember 1958 um 05:45 UTC mat enger Juno-II-Rakéit gestart. D'Sond sollt den Äerdmound passéieren an an eng heliozentresch Ëmlafbunn fléien. Si hat awer nëmmen eng Héicht vun 102.360 km erreecht, ier si nees zréck op d'Äerd gefall war, well de Brennschluss ze fréi war. Als Alternativprogramm gouf d'Van-Allen-Ceinture mat zwéi Geiger-Müller-Zilréier vermooss an d'Ausléise vun der Moundkamera getest.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pioneer (Raumsonden-Programm) – Biller, Videoen oder Audiodateien