Jupiter analog

Vu Wikipedia

Jupiter analoger sinn Exoplanéite mat enger Mass an der Gréisst vum Jupiter an déi wéinst hirer Ëmlafdauer a Bunnexzentrizitéit op änleche Bunne lafe wéi de Jupiter. Stäresystemer mat Jupiter analoge gëllen als potentiell Heemer vun äerdänleche Planéiten op äerdänleche Bunnen no bei der Äislinn.

Definitioun[änneren | Quelltext änneren]

Jupiter analoger ginn als Gasplanéite mat enger Ëmlafdauer vu méi wéi 8 Joer definéiert. D'Jupiter analoger sollten eng Mass tëscht dem 0,1-fachen an dem 12-fache vum Jupiter hunn (méi schwéier Himmelskierper si Brong Zwergen) an eng méi kleng Bunnexzentrizitéit vun e < 0,2 hunn, wouduerch d'Ëmlafbunne vun de bannenzege Planéiten net gestéiert ginn. Amplaz vum Begrëff Jupiter analog gëtt och Jupiter-Saturn analog benotzt.

Observatiounstechnik[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst hirer joerzéngtelaanger Ëmlafbunn huet d'Transitmethod keen Erfolleg bei der Sich no Exoplanéiten. Dofir missten en ettlech Zentralstärebedeckunge vum Planéit observéiert ginn, woubäi d'Wahrscheinlechkeet vun enger Bedeckung mat der Längt vun der Bunnachs staark ofhëlt. Dofir gëtt no Jupiter-analoge mat der Radialvitessmethod a mat direkte Fotoen am Infrarout gesicht. Infraroutobservatioune si besonnesch erfollegverspriechend fir jonk Stären, well d'Planéiten e puer Millioune Joer no hirer Genesis grouss Deeler vun hirer bei der Kontraktioun generéierter thermescher Energie nach net ofgestraalt hunn. Wéinst dem Duerchmiesser vun der Bunnenachs erreechen d'Amplitude vun de Radialvitessännerungen nëmme Wäerter ëm déi 10 m/s a kënne liicht mat magnéiteschen Zyklen op den Zentralstäre verwiesselt ginn. Mat Microlensing kënne Gasplanéiten zwar nogewisen, awer net op hirer Bunn verfollegt ginn.

Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Planéite mat Jupitermass, déi a ganz enke Bunnen ëm hiren Zentralstär kreese si schonn als Hot Jupiter a grousser Zuel fonnt ginn. Déi Exoplanéiten hu sech awer warscheinlech net op hirer aktueller Plaz gebilt, mä si vun hirer Genesisplaz am baussenzege Planéitesystem an de bannenzege Planéitesystem gewandert. Bei der Migratioun hu si all äerdänlech bannenzeg Planéiten aus hirer Bunn gedréckt. Dofir gëlle Planéitesystemer mat Jupiter analogen als Plaze mat potentiell bewunnbaren äerdänleche Planéiten, déi bis elo nach schwéier nozeweise sinn. D'Sich no Jupiter analoge soll erginn, wéi typesch eis eegent Sonnesystem mat dem solare Planéitesystem an der Mëllechstrooss ass.

Kandidate fir Jupiter analoger[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]