Juri Michailowitsch Lujkow
| Juri Michailowitsch Lujkow | |
|---|---|
|
Portrait als ieweschte Buergermeeschter vu Moskau | |
| Gebuer |
21. September 1936 Moskau |
| Gestuerwen |
10. Dezember 2019 München |
| Nationalitéit | Russland |
| Educatioun | Gubkin University |
| Aktivitéit | Politiker, Wëssenschaftler, Staatsmann |
| Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun, Eenegt Russland |
| Fonctioun | Lëscht vun de Buergermeeschtere vu Moskau |
| Auszeechnungen | Staatspräis vun der UdSSR, Bayerischer Verdienstorden, Leninuerden, Gëllenen Olympeschen Uerden, Данакер ордени |
| Bestuet mat | Jelena Nikolajewna Baturina (1.1.1991–10.12.2019) |
| Websäit | http://www.luzhkov.ru |
|
| |
De Juri Michailowitsch Lujkow (Юрий Михайлович Лужков), gebuer den 21. September 1936 zu Moskau, a gestuerwen den 10. Dezember 2019 zu München war e russesche Politiker.
Hie war Deputéierten am Ieweschte Sowjet an duerno Member vun der Moskauer Stadverwaltung, déi en zum Schluss presidéiert huet. Vum 6. Juni 1992 bis den 28. September 2010 war hien dunn ieweschte Buergermeeschter vu Moskau.
Säin Haaptschwéierpunkt war den Encouragement vum Geschäfts- an Entreprenersgeescht an der Stad. Ënner him huet déi russesch Haaptstad e grouss Bauboom erlieft.
Perséinleches
[änneren | Quelltext änneren]Säi Papp, de Michail Andrejewitch Lujkow, war e Bëschaarbechter, deen an den 1930er Jore vun engem klengen Duerf aus dem Oblast Twer op Moskau geplënnert ass. Seng Mamm Anna Petrowna kënnt aus der Republik Baschkirien.
Vun 1953 bis 1958 huet de Lujkow op der Moskauer Héichschoul fir Ueleg- a Gasindustrie studéiert. 1958 huet e seng éischt Fra, d'Marina Baschilowa bestuet an huet mat hir zwee Kanner kritt, de Michail an den Aleksandr. Vun 1958 bis 1964 huet hien als Chercheur um Moskauer Institut fir Wëssenschaftlech Recherche u Plastiker geschafft. Hie gouf 1968 Memmber vun der Kommunistescher Partei vun der Sowjetunioun (KPSU). Déi 20 Joer duerno huet hien un Automatiséierungsinitiativen a verschiddene Secteure vun der cheemescher Industrie geschafft. Sou war hien ë. a. véier Joer laang Abteilungsleeder am Ministère fir cheemesch Industrie vun der UdSSR.
Seng Fra Baschilowa ass 1989 u Liewerkriibs verscheet. De Lujkow huet sech 1991 eng zweet Kéier bestuet, mat der Jelena Baturina, an huet mat hir zwee Meedercher kritt, d'Aljona (* 1992) an d'Olga (* 1994).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Juri Lujkow – Biller, Videoen oder Audiodateien |
