Kéba Mbaye

Vu Wikipedia
Kéba Mbaye
Gebuer 5. August 1924
Gestuerwen 11. Januar 2007
Dakar
Nationalitéit Senegal
Aktivitéit Riichter, Schrëftsteller, Affekot
Member vun Internationalen Olympesche Kommitee

De Kéba Mbaye gebuer de 5. August 1924 zu Kaolack am Senegal, a gestuerwen den 11. Januar 2007 war e senegaleesesche Riichter a Sportsfonctionnaire.

Den Mbaye huet zu Dakar Recht studéiert a gouf Riichter a President um Ieweschte Geriichtshaff vum Senegal. Spéider gouf hie Vizepresident vum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag

Zanter 1973 war hie Member vum Internationalen Olympesche Comité a vun 1988 bis 1992, a vun 1998 bis 2002 war e Vizepresident.

Hie war och zanter 1983 President vum CAS a vun 1999 un, President vun der Ethikkommissioun vum IOC.

Den Mbaye huet e puer rechtswëssenschaftlech Bicher geschriwwen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Black Africa (Law)
  • Family Law in Black Africa and Madagascar
  • The Realities of the Black World and Human Rights

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]