KZ Sonnenburg

Vu Wikipedia
Sowjetesch Zaldoten tëscht ermuerte Gefaangen am KZ Sonnenburg, Februar 1945.[1]

D'Konzentratiounslager Sonnenbuerg gouf op Initiativ vum däitsche Ministerium des Inneren und der Justiz den 3. Abrëll 1933 an engem fréiere Prisong zu Słońsk (op Däitsch: Sonnenburg) a Polen ageriicht. Et läit ronn 95 Kilometer ëstlech vu Berlin.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'hygienesch Zoustänn vum Gebai, dat zanter 1930 eidel stoung, ware katastrophal. Trotzdeem hunn d'Fonctionnairë vum preisesche Justizministère et als ideale Standuert recommandéiert a geschat, datt 941 Inhaftéiert an Eenzel- an a Massenzelle vu jee 20, 30 a 60 Persounen do ënnergebruecht kéinte ginn. Déi éischt 200 Gefaange koumen zesumme mat 60 SA-Hëllefspoliziste vu Berlin. Méi spéit goufe Prisonéier vu Goleniow (Gollnow), op Uerder vum Gestapo-Chef, op Sonnenburg deportéiert, soudatt d'Zuel vun den Inhaftéierten am November 1944 bis op 1.000 geklomme war.

D'KZ Sonnenburg gouf den 23. Abrëll 1934 nees zougemaach, als Prisong ass et awer weider bestoe bliwwen. Bis zum Enn vum 2. Weltkrich war et en Aarbechtslager fir deutschfeindliche Persounen aus dem Ausland wéi, ënner anerem, lëtzebuergesch Refractairen.

Personal[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Kommandant war de Polizeioberleutnant Keßler. Duerno koumen:

  • Polizeileutnant Bark
  • Oberleutnant Siegmund
  • SA-Sturmführer Jahr

D'Prisonéier goufe vun de Berliner SA-Unitéiten "Horst Wessel" a "Mordsturm Maikowski" bewaacht. Am August 1944 huet d'SS mat 150 Leit de Kommando iwwerholl.

Massaker vu Sonnenburg[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dëser Bezeechnung ass d'KZ Sonnenburg an d'Geschicht vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten agaangen: E puer Deeg éier d'Rout Arméi zu Sonnenburg ageréckt ass, huet de Reichsführer-SS Heinrich Himmler ordonéiert fir 819 Prisonéier z'executéieren; dat waren eng 90% vun de Prisonéier.
Den 30. Januar 1945, owes géint 10 Auer, goufen d'Häftlengen a Gruppen zu 10 an 10 opgestallt a vun SS-Leit duerch Genéckschoss ëmbruecht. Ënner den Affer waren 91 Lëtzebuerger. Nëmmen ee Lëtzebuerger huet déi Mäerderei iwwerlieft.

Zanter 1974 gëtt virum Monument national de la solidarité luxembourgeoise um Kanounenhiwwel all Joer um Joresdag feierlech un dee Massaker erënnert.

Nimm vun de Lëtzebuerger, déi zu Sonnenburg ëmbruecht goufen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Léonard Antony (Weimeschkierch),
  2. Armand Baulesch (Perlé),
  3. Pierre Baum (Rëmeleng),
  4. Gusty Becker (Déifferdeng),
  5. Jean-Paul Bernardy (Äischen),
  6. Théophile Birden (Lëtzebuerg),
  7. Josy Bley (Houschent),
  8. Philippe Bonifas (Nouspelt),
  9. Nicolas Braun (Déifferdeng),
  10. Michel Mousson (Lëtzebuerg),
  11. Ernest Christophory (Mamer),
  12. Pierre Clement (Lëtzebuerg),
  13. François Cordier (Wanseler),
  14. Michel Courthe (Neihaischen),
  15. Léon Ernster (Kënzeg),
  16. Victor Even (Klierf),
  17. Pierre Faber (Garnech),
  18. Léon Felten (Uewerpallen-Péiteng),
  19. René Flesch (Rodange),
  20. Josy Franck (Märel),
  21. Josy Frieseisen (Houschent),
  22. Josy Gansen (Lamadelaine),
  23. Mathias Gilbert (Berduerf),
  24. Hubert Godefroid (Esch-Uelzecht),
  25. Norbert Hansen (Mussion an der Belsch),
  26. François Marie Hayard (Nidderkuer),
  27. Jean-Pierre Hommel (Rippweiler),
  28. Roger Nicolas Paul Hubert (Esch-Uelzecht),
  29. Marcel Jacoby (Déifferdeng),
  30. Marcel Jaminet (Diddeleng),
  31. Remy Kaufmann (Haassel),
  32. Ferdinand Kies (Helsem),
  33. Raymond Koerner (Déifferdeng),
  34. Jean Nicolas Théodore Koppes (Duelem),
  35. Jean-Pierre Koster (Simmer),
  36. Jean Krier (Hamm),
  37. Jean Linden (Lëtzebuerg),
  38. Arthur Logelin (Déifferdeng),
  39. Jean Albert Lucas (Péiteng),
  40. Mathias Majerus (Géisdref),
  41. Jean-Pierre Alex Manternach (Esch-Uelzecht),
  42. Ernest Mathieu (Oklahoma/USA),
  43. Fernand Georges Mart (Esch-Uelzecht),
  44. Albert Mayer (Colmer-Bierg),
  45. Léon Mertz (Lëtzebuerg),
  46. Jean Auguste Meyers (Esch/Uelzecht),
  47. Paul Momper (Esch-Uelzecht),
  48. Albert Neuens (Beetebuerg),
  49. Nicolas Ney (Stengefort),
  50. Alphonse Noël (Nidderkuer),
  51. Jean Noël (Rodange),
  52. Clement Paul (Diddeleng),
  53. Jean Perl (Rëmeleng),
  54. Josy Perrard (Péiteng),
  55. Jean-Pierre Pfeiffer (Esch-Uelzecht),
  56. Nicolas Pierret (Äischen),
  57. Lucien Pompermaier (Esch-Uelzecht),
  58. Jean-Pierre Reding (Groussbus),
  59. René Reinesch (Wolz),
  60. Albert Schmit (Kierchbierg),
  61. Jules Schmit (Lëtzebuerg),
  62. Jean Schmitz (Huldang),
  63. Nicolas Schmitz (Houschent),
  64. Francy Schockmel (Uewerkuer),
  65. Mathias Scholtes (Aalschent),
  66. Josy Schoos (Péiteng),
  67. René Schuller (Schuller),
  68. Bernard Schwartz (Lëtzebuerg),
  69. Fränz Siebenbour (Miedernach),
  70. Aloyse Simon (Capellen),
  71. Ferdinand Steinbach (Schëffleng),
  72. Marcel Steiver (Pafendall),
  73. Jean-Pierre Striff (Hieber),
  74. Roger Thekes (Gréiwemaacher),
  75. Jean Thies (Boxer),
  76. René Thill (Keel),
  77. Jean Thillmann (Hengescht),
  78. Ady Traufler (Esch-Uelzecht),
  79. Josy Wagner (Mamer),
  80. Marcel Wagner (Esch-Uelzecht),
  81. Fränz Walmassoni (Rodange),
  82. Marcel Waltener (Keel),
  83. Alex Weber (Rodange),
  84. Marcel Weber (Folscht),
  85. André Paul Weiler (Lëtzebuerg),
  86. Jean-Pierre Weiler (Klierf),
  87. Erny Weimerskirch (Lëtzebuerg),
  88. Eugène Weiss (Déifferdeng),
  89. Fränz Wolter (Stengefort),
  90. Pierre Albert Zahnen (Huldang),
  91. Pierre Zeimet (Kierchbierg).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hohengarten, André: Das Massaker im Zuchthaus Sonnenburg vom 30./31. Januar 1945, mat engem Virwuert vum Henri Koch-Kent; Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg 1979, 208 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: KZ Sonnenburg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Dës Foto aus den Archive vum ADN (Allgemeiner Deutscher Nachrichtendienst) ass op "März 1945" datéiert. Dësen Datum ass sécher falsch - Słońsk gouf den 2. Februar vun der 8. sowjetescher Garde-Arméi befreit.