Kapell Notre-Dame de la Résistance
Ausgesinn
D'Chapelle Notre-Dame de la Résistance ass eng Säitekapell an der Grenzerkierch zu Esch, déi 1982 de Paschtouer Joseph Hansen, selwer Resistenzler, ënner dem Duxall ariichte gelooss huet, fir dem Émile Hulten seng Resistenzmadonna opzestellen.
Geschichtlechen Hannergrond
[änneren | Quelltext änneren]- De 15. August 1940 koumen d'LS-Scoutscheffen aus dem Distrikt Süden am Wëllefcherssall ënner der Grenzerkierch zesummen an hu beschloss, der däitscher Besatzungsmuecht Resistenz ze bidden.
- Den 20. Februar 1941 sinn 19 Scoutscheffen an d'Stad an d'Kathedral gepilgert an hunn do en Dokument hannerluecht mat dem Verspriechen, nom Krich eng Kapell zu Éiere vun der Muttergottes opzeriichten, wa Lëtzebuerg nees fräi an onofhängeg wier. Dëst Versprieche gouf, ronn 40 Joer méi spéit, duerch d'Ariichte vun der Resistenzkapell an der Grenzerkierch ageléist.
- D'Kapell gouf den 31. Oktober 1982 vum Bëschof Jean Hengen ageseent.