Karatschi

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Satellittebild vu Karatschi (2016)
De Mazar-e-Quaid Mausoleum

Karatschi (Urdu: كراچى Karācī, Sindhi: ڪراچي, (en)(fr) Karachi) ass déi gréisst Stad a Pakistan an d'Haaptstad vun der Provënz Sindh; bis 1959 war et déi pakistanesch Haaptstad. Mat 17,2 Milliounen Awunner(2023, geschat)[1] ass Karatschi eng vun de gréisste Stied vun der Welt.

D'Verwaltungsgebitt vu Karatschi ass kee Stadgebitt dat zesummenhänkt, mä besteet aus der Kärstad an enger ländlecher Siidlungsstruktur ronderëm, déi éischter mat enger klenger Provënz ze vergläichen ass. Dat ganzt Verwaltungsgebitt vu Karatschi hat 2023 iwwer 23 Milliounen Awunner, mat 24.000 Leit pro Quadratkilometer[1].

D'Stad ass Wirtschafts-, Handels- a Produktiounszentrum, Verkéiersknuet, Kulturzentrum mat villen Universitéiten, Héichschoulen, Fuerschungsinstituter, Muséeën, Galerien an architektonesche Monumenter an huet de gréissten Hafe vum Land. Eng vun de bedeitendsten Attraktiounen ass de Mazar-e-Quaid, de Mausoleum vum Grënner vu Pakistan, Muhammad Ali Jinnah (1876 – 1948), deen an der Stad gebuer gouf an och do begruewen ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karatschi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Karachi Population 2023. worldpopulationreview.com. Gekuckt de(n) 2023-12-02.