Op den Inhalt sprangen

Kari Peters

Vu Wikipedia
Kari Peters
Gebuer 17. November 1985
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schilaangleefer
Huet matgemaach bei Olympesch Wanterspiller 2014

De Kari Peters, gebuer de 17. November 1985 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Schilaangleefer.

De Kari Peters wunnt zu Réimech a start bei internationale Kompetitiounen op der Sprint- an op der Laangdistanz. (Sprint: 1,5 km; Distanz: 10 km / 50 km)

2005 war de Kari Peters fir d'éischt Kéier bei de Juniorweltmeeschterschaften zu Rovaniemi dobäi.

An de Joren duerno gouf hien e puermol Champion vu Lëtzebuerg, an huet bei villen Europacoupë matgemaach.

Seng éischt international Optrëtter bei der Elite, hat de Peters 2007 bei der nordescher Schiweltmeeschterschaft zu Sapporo, a bei der U-23 Weltmeeschterschaft zu Tarvisio.

2014 huet hie bei den Olympesche Wanterspiller matgemaach; hie gouf den 79.

  • 17-fache Lëtzebuerger Meeschter am Schilaanglaf
  • Lëtzebuerger Juniormeeschter am Triathlon